4. Sonndeg vun der Ouschterzäit A
1 De Jesus sot:
"Amen, amen, ech soen iech:
Deejéinegen, deen net duerch d’Dier an de Schof hire Stall erageet,
ma anerwäerts eraklëmmt,
deen ass en Déif an e Raiber.
2 Deejéinegen awer, deen duerch d’Dier erageet,
deen ass den Hiert vun de Schof.
3 Him mécht de Wiechter d’Dier op,
an d’Schof lauschteren op seng Stëmm.
Hie rifft déi Schof, déi him gehéieren, mam Numm
a féiert se eraus.
4 Wann hien all déi, déi him gehéieren, erausgedriwwen huet,
da geet hie virun hinnen hier,
an seng Schof ginn him no,
well se seng Stëmm kennen.
5 Engem Friemen awer ginn se kees no,
ma se lafe virun him fort,
well se deene Friemen hir Stëmm net kennen."
6 Dës Geschicht huet de Jesus hinne verzielt,
si awer hunn net verstan,
wat hien hinnen domat soe wollt.
7 Du sot de Jesus op en Neis:
"Amen, amen, ech soen iech:
Ech sinn d’Dier fir bei d’Schof.
8 All déi, déi viru mir komm sinn,
sinn Déif a Raiber,
ma d’Schof hunn net op si gelauschtert.
9 Ech sinn d’Dier:
Wien och ëmmer duerch mech erageet,
dee gëtt gerett;
hie geet dann an an aus
a fënnt eng Weed.
10 Den Déif kënnt nëmme just fir ze klauen,
fir doutzemaachen a fir verluer goen ze loossen.
Ech awer si komm,
fir datt se d’Liewen hunn
an et am Iwwerfloss hunn."