+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer A
5. Sonndeg A
Mt 5,13-16

13 De Jesus sot zu senge Jünger:
"Dir sidd d’Salz vun der Äerd!
Wann awer dat Salz fad ginn ass,
wouduerch kann et dann nees salzeg gemaach ginn?
Et daacht näischt méi,
et ass just nach gutt, fir erausgehäit
a vun de Leit zertrëppelt ze ginn.

14 Dir sidd d’Liicht vun der Welt!
Eng Stad, déi uewen um Bierg läit,
kann een net verstoppen.

15 Et fänkt ee jo och net eng Luucht un
an ’t stellt een se dann ënner e Sieschter,
ma ’t stellt een se op de Liichter,
an da liicht se fir all déi, déi am Haus sinn.

16 Esou soll äert Liicht virun de Leit liichten,
fir datt si är gutt Wierker gesinn
an äre Papp am Himmel verherrlechen."

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/5-sonndeg-a

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés