+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer A
Sonndeg no Epiphanie
“Taufe des Herrn”
Mt3,13-17

13 Wéi de Jesus aus Galiläa erof un de Jordan bei de Johannes komm ass, fir sech vun him deefen ze loossen,

14 wollt de Johannes hien dovun ofhalen a sot zu him: “Ech hätt et néideg, fir mech vun dir deefen ze loossen, an du kënns bei mech?”

15 De Jesus huet him geäntwert: “Looss gewäerden! Et ass nämlech un äis, déi ganz Gerechtegkeet z’erfëllen.” Dunn huet de Johannes de Jesus gewäerde gelooss.

16 Soubal wéi de Jesus gedeeft war, ass hien aus dem Waasser eropkomm. A kuck, den Himmel ass opgemaach ginn, an de Jesus huet dem Herrgott säi Geescht gesinn op sech erofkomme wéi eng Dauf.

17 An eng Stëmm aus dem Himmel sot: “Dat hei ass mäi Jong, an ech hunn hie gär; hie steet a menger Gonscht!”

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/sonndeg-no-epiphanie-taufe-des

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés