+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer B
2. Adventssonndeg
Mk 1,1-8

1 Ufank vum Evangelium vum Jesus Christus, dem Herrgott sengem Jong.

2 Esou wéi beim Prophéit Isaias geschriwwe steet: – Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier: Hie bereet däi Wee vir. 3 Eng Stëmm rifft an der Wüüst: Maacht dem Här säi Wee prett, maacht seng Pied grued! –

4 esou ass de Johannes den Deefer an der Wüüst opgetratt, an hien huet eng Daf vun der Ëmkéier verkënnegt, fir datt d’Sënnen nogelooss géifen.

5 D’ganzt Land Judäa an och all d’Awunner vu Jerusalem hunn sech op de Wee gemaach a si bei hie gaang; si hunn sech vun him am Jordan deefe gelooss, an dobäi hunn si hir Sënnen agestan.

6 De Johannes hat e Kaméilspelz un an e lieder Rimm ëm d’Hëffen, an hien huet vun Heesprénger a wëllem Hunneg gelieft.

7 Hien huet verkënnegt: "No mir kënnt een, dee méi staark ass wéi ech; ech sinn et net wäert, mech ze bécken an d’Stréckele vun senge Sandale lasszemaachen.

8 Ech hunn iech mat Waasser gedeeft, hien awer deeft iech mat hellegem Geescht."

G. Evangelium vun eiser Här Jesus Christus. A. Dech, Christus, luewe mir.

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/octave-2012-28-abrell-bis-13-mee/homelies-2012-priedegten-2012/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés