+Erzbistum
+Pfarrverbände
+Dienste
+Kirchliche Bewegungen
+Orden
 
Kontakt
 
Sitemap
 
Presse
 
Chargement...
Sehen Sie auch ...
 
Joer B
23. Sonndeg B
Mk 7,31-37

31 De Jesus ass nees aus dem Gebitt vun Tyrus fortgaang,
an hie koum iwwer Sidon bei de Séi vu Galiläa,
matzen an d’Gebitt vun der Dekapolis.

32 Dunn hunn d’Leit en Dafstomme bei hie bruecht,
an si hunn hie gebieden, him d’Hand opzeleeën.

33 Nodeems de Jesus deen Dafstomme mat op d’Säit geholl hat,
huet hien him d’Fangeren an d’Ouere gestach
an him seng Zong mat Spaut beréiert.

34 Hien huet an den Himmel opgekuckt,
huet déif Otem geholl
a sot zu him: „Effatha“,
dat heescht: „Géi op!“

35 An direkt sinn seng Oueren opgaang,
d’Fessel ëm seng Zong huet sech geléist,
an hie konnt schwätzen.

36 Dunn huet de Jesus de Leit Uerder ginn,
jo nëmme kengem eppes driwwer ze zielen.
Ma wat hien hinnen dat méi gesot huet,
wat si et méi dorëmmer gezielt hunn.

37 Si waren total ausser sech
a soten: "Hien huet alles gutt gemaach:
Hie mécht, datt déi Daf héieren
an d’Stëmmercher schwätze kënnen!"

 
 
 
In dieser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-b/article/23-sonndeg-b

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés