+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer B
3. Sonndeg B
Mk 1,14-20

14 Nodeems de Johannes ausgeliwwert gi war, ass de Jesus hannescht a Galiläa gaang; do huet hien dem Herrgott säin Evangelium verkënnegt.

15 Hie sot: “D’Zäit ass do, dem Herrgott säi Räich ass um Kommen. Denkt ëm a gleeft un d’Evangelium!”

16 Wéi hien du laanscht de Séi vu Galiläa goung, huet hien de Simon an deem säi Brudder, den Andreas, gesinn, wéi si d’Netz am Séi ausgehäit hunn; si waren nämlech Fëscher.

17 Du sot de Jesus zu hinnen: “Kommt mir no! Ech maachen aus iech Mënschefëscher.”

18 An direkt hunn si hir Netzer leie gelooss a sinn him nogaang.

19 Wéi hien e Stéck virugoung, huet hien dem Zebedäus säi Jong, de Jakobus, an deem säi Brudder, de Johannes, gesinn; si waren am Naachen amgaang, hir Netzer an d’Rei ze maachen.

20 Gaangs huet hien si geruff, an dunn hunn si hire Papp, den Zebedäus, bei den Doléiner am Naachen zréckgelooss a gounge fort, dem Jesus no.

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/octave-2012-28-abrell-bis-13-mee/homelies-2012-priedegten-2012/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés