+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer B
6. Sonndeg B
Mk 1,40-45

40 En Aussätzegen ass op de Jesus duerkomm
an huet hien ëm Hëllef gebieden.
Hien ass virun him op d’Knéie gefall
a sot: "Wann s du wëlls,
kanns du maachen, datt ech reng ginn."

41 De Jesus, deem et am Häerz wéigedoen huet fir de Mann,
huet d’Hand ausgestreckt,
huet deen Aussätzege beréiert
a sot zu him: “Ech wëll: Gëff reng!”

42 Am selwechten Ament ass den Aussaz vum Mann gewach,
an hie war reng.

43 De Jesus huet hien direkt fortgeschéckt

44 an him ausdrécklech un d’Häerz geluecht:
"Maach, datt s du kengem eppes sees,
ma géi, weis dech dem Priister
an affer fir deng Rengegung dat, wat de Moses virgeschriwwen huet,
als Bewäis fir si!"

45 De Mann awer ass fortgaang an huet ugefaang,
Jann a Mann z’erzielen, wat geschitt war,
an d’Noriicht dovun dorëmmer ze verbreeden.
Esou konnt de Jesus sech net méi an enger Stad weisen,
an hien huet sech nëmme méi dobaussen
op ofgeleeëne Plazen opgehal.
An dach koumen d’Leit vun iwwerall hier bei hien.

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés