|
Kuckt och ...
|
Joer B
Helleger Owend (Joer A - B - C)
Mt 1,18-25 (Kuerzfaassung)
18 Mat dem Jesus Christus senger Gebuert war et esou: Seng Mamm Maria war dem Jouseph versprach. Nach éier si zesummegelieft hunn, huet sech gewisen, datt d’Maria an aneren Ëmstänn war – vum hellege Geescht. 19 De Jouseph, hire Mann, dee gerecht war, awer si net bloussstelle wollt, huet decidéiert, si heemlech fortzeschécken. 20 Iwwerdeems hien doriwwer nogeduecht huet, ass him am Dram en Engel vum Här erschéngen a sot: "Jouseph, Jong vum David, fäert net, fir d’Maria, deng Fra, bei dech ze huelen! Dat Kand, dat si erwaart, ass nämlech vum hellege Geescht. 21 Si kritt e Jong, dee solls du Jesus nennen, well hien ass deen, deen säi Vollek vun senge Sënne rett." 22 All dat hei ass geschitt, fir datt sech dat erfëlle géif, wat den Här duerch de Prophéit gesot hat: 23 Kuck, d’Jongfra kënnt an aner Ëmstänn a kritt e Jong, an hie gëtt Emmanuel genannt , dat heescht iwwersat: Gott [ass] mat äis. 24 Wéi de Jouseph erwächt ass, huet hien dat gemaach, wat dem Här säin Engel him opgedroen hat, an hien huet seng Fra bei sech geholl. 25 Hien ass awer net mat hir zesummekomm, bis si hire Jong kritt hat, an hien huet dee Jong Jesus genannt. KONTEXTD’Kapitelen 1-2 aus dem Mt gehéieren zu de sougenannte Kandheetserzielungen (cf. och Lk 1-2 ; de Joh-Prolog an den Ufank vum Mk). Wéi beim Lk wëllen dës Kapitelen net d’Geschicht vun engem Puppelche verzielen, mee weisen, wien de Jesus vu Kléngtem u war (cf. och Kontext beim 4. Adventssonndeg C an déi vill christologesch Titelen, déi an dëse Kapitele virkommen). – Iwwregens goufen d’Kandheetserzielungen wahrscheinlech als lescht néiergeschriwwen an d’Operstéiungs- a Passiounserzielungen als éischt : déi éischt Chrëschten huet haaptsächlech d’Operstéiung interesséiert, eréischt méi spéit hunn si sech d’ Froen no dem « vu wou », « wéi ass dat mat der Gebuert gewierscht » asw. gestallt ; hei- bäi waren si Kanner vun hirem Liicht an hunn an deem Kand ebe schonn d’Schicksal vun deem Erwuessene Jesus gesinn. Also sinn och d’Kandheetserzielungen ze liesen duerch de Brëll vun Ouschteren. Vergläicht een elo Mt 1-2 a Lk 1-2, da mierkt een, datt dës Kapitelen net parallel erzielt sinn ! E puer Donnéesën nëmme fanne mer beim Lk a beim Mt : d’Mamm huet Maria geheescht, de Jouseph... Et ass interessant déi Elementer opzelëschten, déi an deenen zwéin Evangelie stinn, an derniewt déi, déi verschidde sinn ; esou fällt am meeschten op, wou de Schwéierpunkt vun deem jeeweilegen Evangelist läit. (Jiddfer Evangelist huet jo op enger aner Plaz säin Evangelium rédigéiert an dobäi versicht och op déi spezifesch Froe vu « senger » chrëschtlecher Gemeinschaft z‘äntwerten.) Fir de Mt ass de Jesus deen neie Moses, deen en neit Gesetz bréngt an als Kinnék vun Ufank u vun deene Mächtege verfollegt gëtt. Dofir fënnt ee schonn a Mt 1-2 vill Elementer erëm aus dem Buch Exodus erëm. Et kann ee soen, datt Mt 1-2 en Targum (eng Erklärung, eng erklärend Erzielung) si vum klenge Moses. TEXTMat dem Jesus Christus senger Gebuert war et esou ... (Vv. 18-25) : De V. 18 erënnert u Mt 1, 1. D’Evangelium vun Helleger Owend erkläert, wéi de Jesus esou wuël de Jong ass vun enger Jongfra/Joffer wéi e Jong/Nokomme vum Kinnék David si kann. Verschidden Elementer aus dësem Text si sécherlech geduecht gewierscht fir deene Leit, déi deemools scho behaapt hunn, de Jesus wier e Meedercherskand, oder de Jong vun engem réimeschen Centurio, de Mond ze verbidden. De Mt argumentéiert : de Jouseph, Nokomme vum grousse Kinnék David, aus deem senger Nokommeschaft de Messias komme sollt, hëlt de Jesus op a seng Famill. An d’Maria erfëllt, wat de Prophéit Jesaja geschriwwen hat (Jes 7, 14, cf. Lk 1, 26-38). Mat dem Jesus Christus senger Gebuert (V. 18) : « dem Jesus Christus » ass wuertwiertlech iwwersat ; mär hu leider dacks d’Gewunnecht « Jesus Christus » ze soen, wéi wann dat en duebelen Numm wier, wéi « Jean-Claude » oder « Jean-Marie ». Dobäi riskéiere mer z’iwwerhéieren, datt « Jesus Christus » heescht « de Jesus, de Gesaleften = de Messias = de Christus », also e ganze Programm. – Aus dier Iwwerleeung eraus gouf den Artikel bei « de Jesus Christus » oder bei « de Jesus de Christus » bäibehalen, och wann dat ongewinnt ass. Seng Mamm Maria war dem Jouseph versprach. Nach éier si zesummegelieft hunn... (V. 18) : Dem juddesche Gesetz no sinn de Jouseph an d’Maria bestued ; dëst Gesetz huet awer eng bestëmmten Zäit kannt, wou d’Meedchen nach am Elterenhaus bliwwen ass, éier grouss Hochzäit gefeiert ass ginn. Mee, och an deem Interim konnten déi zwéi Brautleit net einfach vunenee goen : de Bräitchemann huet seng Braut du scho missten ëffentlech verstoussen. ... datt d’Maria an aneren Ëmstänn war – vum hellege Geescht (V. 18) : D’Interventioun vum hellege Geescht bedeit, datt Gott agegraff huet an d’Mënschegeschicht. D’ « Jungfrauengeburt » ass fir d’éischt emol en Zeechen, am Mt grad ewéi am Lk ; als Zeechen ass si ze vergläichen z. B. mam eidele Graw, mat der Himmelfahrt, mam Goen iwwert d’Waasser, mat den Heelungen, asw. Et geet also ëmt theologesch, christologesch Aussoen, ëmt e Credo, wien de Jesus ass, nämlech dem Herrgott säi Jong. Et geet hei ëmt de Jesus, dann eréischt ëmt d’Maria ! - D’Evangelisten hunn no Ouschteren, wéi si versicht hunn d’Geheimnis vun deem Jesus ze verstoen, kënnen aus den Texter vun eisem Alen Testament schäffen, wou eben en Text stoung wéi Jes 7, 14LXX . De Credo ass : an deem Kand, deem Mënsch do gräift Gott an, an esoubal vu Gott Rieds ass, kënne mer just versichen a Biller ze faassen, wat mer soe wëllen, well eegal wéi eis Sprooch do verseet ; mer kënnen net anescht vu Gott schwätzen ewéi a Biller, mer mussen äis just bewosst sinn, datt et Biller sinn déi eng Realitéit, déi iwwert eis erausgeet, beschreiwen. De Jouseph, hire Mann (V. 19) : Et gëtt wierklech drop insistéiert, datten si bestued waren (cf. Vv.18.20). De Jouseph ..., dee gerecht war ... (V. 19) : D.h. datt de Jouseph säi Liewen un dem Gesetz, der Torah ausgeriicht huet. – Hie war also an engem Gewëssenskonflikt (cf. awer si net bloussstelle wollt) an huet geméngt eng diplomatesch Léisung fonnt ze hunn, wann hien d’Maria heemlech fortschécke géif (wat dann zwar net 100% rechtskräfteg gewierscht wier, cf. Dtn 24, 1). V. 20 : Tselwescht wéi de Mt betount, datt d’Maria an de Jouseph bestued waren, betount hien datt de Jouseph en Nokomme war vum Kinnék David. ... ass him am Dram ... (V.20) : Am Alen Testament (= 1. Testament) intervenéiert Gott duerch en Engel (= e Gesandten ; vum griichesche Verbe « schécken, erausschécken »). Dësen Engel/Gesandten ass net ze verwiessele mat den Engelen allgeméng (cf. z. B. Gen 16, 7.13 ; Ex 3, 2). Wichteg ass, datt hei gesot gëtt, datt Gott a Kontakt trëtt mat de Mënschen. ... dee solls du Jesus nennen ... (V. 21) : De Jouseph kritt vu ganz uewen erkläert, wat mat senger Fra geschitt ass. Hie soll dem Kand den Numm ginn. Domadder hëlt hien et als Säint un. – « Jesus » = « den Herrgott rett ». Den Numm mécht vun Ufank u kloer, wat dësem Kand seng Missioun ass. All dat hei ass geschitt, fir datt sech dat erfëlle géif, wat... (V. 22) :
Kuck d’Jongfra kënnt an aner Ëmstänn ... (V. 23) :
... an hie gëtt Emmanuel genannt (V. 23) :
Emmanuel (V. 23)
... V. 25 :
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article2048
Uewen


