1 Wéi de Sabbat eriwwer war,
hunn d’Maria vu Magdala,
d’Maria, dem Jakobus seng Mamm,
an d’Salome Essenze kaaft,
fir bei d’Graf ze goen
an de Jesus ze salefen.
2 Si koumen deen éischten Dag vun der Woch an aller Fréi bei d’Graf –
d’Sonn war grad opgaang.
3 Dunn huet eng déi aner gefrot:
„A wie rullt äis de Stee vum Agank vum Graf ewech?“
4 Wéi si opgekuckt hunn,
hunn si gesinn, datt de Stee schonn op d’Säit gerullt gi war –
an dobäi war et e ganz groussen.
5 Si sinn an d’Graf eragaang
an hunn do op där rietser Säit e jonke Mann an engem wäisse Gewand
sëtze gesinn.
Du sinn si ellen erféiert.
6 Hien awer sot zu hinnen: "Erféiert net!
Dir sicht de Jesus vun Nazareth, dee Gekräizegten –
hien ass aus dem Doud erwächt ginn,
hien ass net hei.
Kuckt, do ass d’Plaz, wou si hien higeluecht haten.
7 Gitt elo a sot senge Jünger an dem Péitrus:
’Hie geet iech viraus a Galiläa;
do kritt dir hien ze gesinn,
esou wéi hien iech et gesot hat.’"