|
Sehen Sie auch ...
|
Joer B
Pällemsonndeg B
Mk 14,1 - 15,47 (oder 15,1-39)
D’Passioun vun eiser Här Jesus Christus nom Markus E = Erzieler + = Wierder vum Jesus A = Wierder vun anere Persounen 1
2
Si hunn sech nämlech gesot:
3
4
Du goufen der en etlech ongehalen an hunn zuenee gesot:
5 Et hätt een e kënne fir méi ewéi 300 Sëlwermënze verkafen an d’Suen deenen Aarme ginn!" E: An si hunn hir dowéinst Virwërf gemaach. 6
De Jesus awer sot:
7 Déi Aarm hutt dir jo ëmmer bei iech, a wann dir wëllt, kënnt dir hinne Gutts doen; mech awer hutt dir net ëmmer bei iech. 8 Dat, wat si maache konnt, huet si gemaach: Si huet am Viraus mäi Läif fir d’Begriefnes gesaleft. 9 Amen, ech soen iech: Wou och ëmmer op der ganzer Welt d’Evangelium verkënnegt gëtt, do gëtt erzielt, wat si gemaach huet, an et gëtt un si geduecht." 10
11 Wéi d’Hohepriister dat héieren hunn, hunn si sech gefreet a versprach, him Suen derfir ze ginn. Dunn huet hien no engem gënschtegen Ament gesicht, wou hien de Jesus ausliwwere kéint. 12
Deen éischten Dag an der Woch vum Matesbrout, wou d’Pessach-Lamm geschluecht gouf, soten dem Jesus seng Jünger zu him:
13
14 an do, wou hien erageet, sot zum Haushär: ’De Meeschter léisst dir soen: Wou ass mäi Sall, an deem ech d’Pessach mat menge Jünger iesse soll?’ 15 Hie weist iech dann e grousst Zëmmer uewenop, dat prett ass, mat Këssen ausgeluecht. Bereet äis et do vir!" 16
17 Owes ass de Jesus mat deenen Zwielef komm. 18
Wéi si um Dësch waren a giess hunn, sot hien:
19
20
21 De Mënschejong muss wuel säi Wee goen, esou wéi et iwwer hie geschriwwe steet. Gare awer deemjéinege senger, duerch deen de Mënschejong ausgeliwwert gëtt! Et wär besser fir dee Mënsch, wann hien ni op d’Welt komm wär." 22
23
24
An hie sot zu hinnen:
25 Amen, ech soen iech: Ech drénke ganz sécher net méi vum Drauwestack senger Fruucht bis deen Dag, wou ech am Herrgott sengem Räich op en Neis dervun drénken." 26
27
De Jesus sot zu hinnen:
28 Ma nodeems ech aus dem Doud erwächt gi sinn, ginn ech iech viraus a Galiläa." 29
30
31
E: Datselwecht hunn och all déi aner gesot. 32
Du sinn si op eng Plaz gaang, déi Gethsemani heescht, an do sot de Jesus zu senge Jünger:
33
34
an hie sot zu hinnen:
35
36
Hie sot:
37
38 Waacht a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot! De Geescht ass zwar wëlleg, ma d’Fleesch ass schwaach." 39
40 Wéi hien op en Neis bei si hannescht komm ass, waren si erëm amgaang ze schlofen: D’Ae waren hinnen zougefall. Si woussten net, wat si him äntwere sollten. 41
A wéi hie fir d’drëtt koum, sot hien zu hinnen:
42 Stitt op, loosse mer goen! Kuckt, deen, dee mech ausliwwert, kënnt." 43
44
Deen, deen de Jesus ausliwwere sollt, hat mat hinnen en Zeechen ofgemaach a gesot :
45
E: an hien huet him e Kuss ginn. 46 Dunn hunn déi aner Hand un de Jesus geluecht an hie festgeholl. 47 Ee vun deenen awer, déi derbäistoungen, huet d’Schwäert gezunn, ass dermat op dem Hohepriister säi Kniecht lassgaang an huet him d’Ouer erofgeha. 48
Du sot de Jesus zu hinnen:
49 Dag fir Dag war ech bei iech am Tempel an hunn iech geléiert, an dir hutt mech net festgeholl. Ma dat war, fir datt d’Schrëften an Erfëllung goe sollten." 50
51 Just ee jonke Mënsch, deen nëmmen e léngen Duch ëm sech geschloen hat, wollt him nogoen. D’Leit hunn hien ugehal, 52 ma hien huet d’léngen Duch fale gelooss an ass plakeg fortgelaf. 53 Dunn hunn si de Jesus ofgefouert bei den Hohepriister. Alleguer d’Hohepriister, déi Eelst an d’Schrëftgeléiert sinn do zesummekomm. 54 De Péitrus ass dem Jesus vu wäitem bis an den Haff vum Hohepriister sengem Haus nogaang. Do huet hien sech bei d’Dénger gesat an sech um Feier gewiermt. 55 D’Hohepriister an de ganze Sanhedrin hunn Zeienaussoe géint de Jesus gesicht, fir hien doutmaachen ze kënnen, ma si hu keng fonnt. 56 Vill hunn der nämlech falsch géint hien ausgesot, ma hir Aussoen hunn net iwwereneegestëmmt. 57 Du sinn e puer anerer opgestan an hunn och falsch géint hien ausgesot; si hu behaapt: 58 _ A: „Mir hunn héieren, wéi hie gesot huet: ’Ech rappen dësen Tempel of, dee vu Mënschenhand gebaut ass, an an dräi Deeg riichten ech en aneren op, deen net vu Mënschenhand gebaut ass.’“ 59
60
Dunn ass den Hohepriister opgestan, huet sech an d’Mëtt gestallt an huet de Jesus gefrot:
61
62
63
64 Dir hutt d’Gotteslästerung selwer héieren. Wat sot dir derzou?" E: Alleguer hunn si de Jesus veruerteelt a gesot, hien hätt den Doud verdéngt. 65
En etlecher hunn ugefaang, op hien ze späizen, him d’Aen ze verbannen, hien ze schloen an zu him ze soen:
E: Och d’Dénger hunn him mat Streech opgewaart. 66 Iwwerdeems de Péitrus ënnen am Haff war, koum eng vum Hohepriister senge Meed. 67
Wéi si de Péitrus gesinn huet, deen amgaang war, sech ze wiermen, huet si sech hie gutt ugekuckt a sot:
68
E: Dueropshin ass hien erausgaang an de Virhaff. Dunn huet en Hunn gekréit. 69
D’Mod, déi hien erkannt hat, huet elo ugefaang, zu deene ronderëm ze soen:
70
71
72
1 Gläich muerges fréi, nodeems d’Hohepriister mat deenen Eelsten, de Schrëftgeléierten an dem ganze Sanhedrin hir Decisioun geholl haten, hunn si de Jesus gebonnen, hien offéiere gelooss an hien un de Pilatus ausgeliwwert. 2
De Pilatus huet de Jesus gefrot:
E: De Jesus huet him geäntwert:
3
4
De Pilatus huet hien nees gefrot:
5
6 Fir d’Fest huet de Pilatus de Leit gewéinlech e Gefaangene fräiginn – een, deen si sech froe konnten. 7 Deemools souz e Mann am Prisong, dee Barabbas geheescht huet, zesumme mat anere Rebellen, déi bei enger Rebellioun een ëmbruecht haten. 8 Déi vill Leit, déi do waren, si bei de Pilatus eropkomm an hunn dat verlaangt, wat hien hinne gewéinlech ginn huet. 9
Hien huet si gefrot:
10
11 Ma d’Hohepriister hunn d’Leit opgestëppelt, datt de Pilatus hinnen éischter de Barabbas sollt fräiginn. 12
De Pilatus huet si nees gefrot:
13
14
E: Ma si hunn nach méi haart gejaut:
15
16 D’Zaldoten hunn de Jesus an den Haff, de sougenannte Prätorium, gefouert an déi ganz Kohort zesummegeruff. 17 Si hunn him e purpurroude Mantel ugedoen an him eng Därekroun opgesat, déi si gebonnen haten. 18
Dunn hunn si ugefaang, hien ze gréissen:
19
20 Nodeems si esou de Spott mat him gedriwwen haten, hunn si him de purpurroude Mantel ausgedoen an him seng eege Kleeder nees ugedoen. Dunn hunn si hien erausgefouert, fir hien ze kräizegen. 21 Si hunn e gewësse Simon vun Zyrene, dem Alexander an dem Rufus hire Papp, dee grad vum Feld koum, gezwongen, dem Jesus säi Kräiz ze droen. 22 An si hunn de Jesus op déi Plaz bruecht, déi Golgotha genannt gëtt, dat heescht iwwersat: Plaz vum Doudekapp. 23 Do hunn si him Wäi gi mat Myrrhe dran, ma hien huet en net geholl. 24 Duerno hunn si de Jesus gekräizegt. An si hunn seng Kleeder opgedeelt, andeems si d’Lous gezunn hunn , fir ze wëssen, wie wat krit. 25 Et war déi drëtt Stonn, wéi si hie gekräizegt hunn. 26 Säi Verbrieche war op engem Schëld festgehal: De Kinnek vun de Judden. 27 Mat him hunn si zwéi Raiber gekräizegt, een op senger rietser an een op senger lénkser Säit. [28] 29
Déi, déi laanschtgoungen, hunn hie gelästert; si hunn de Kapp gerëselt a soten:
30 rett dech selwer a klamm vum Kräiz erof!" 31
32 De Messias, de Kinnek vun Israel, hie soll elo vum Kräiz erofklammen, fir datt mir gesinn a gleewen!" E: Och déi, déi mat him gekräizegt gi waren, hunn him Frechheete gemaach. (Hei stinn d’Leit op.) 33 Wéi déi sechst Stonn koum, gouf et am ganze Land däischter – bis déi néngt Stonn. 34
An déi néngt Stonn huet de Jesus haart geruff:
E: Dat heescht iwwersat:
35
36
37
(Kuerz Paus; d’Leit knéien sech.) 38 Dunn ass de Riddo vum Tempel an zwee gerass, vun uewe bis ënnen. 39
Wéi de Centurio, dee vis-à-vis vum Jesus stoung, hien esou stierwe gesinn huet, sot hien:
40
41 – si waren dem Jesus nogaang an haten him gedéngt, wéi hien nach a Galiläa war. Et waren och nach vill anerer do, déi mat him op Jerusalem eropkomm waren. 42 Herno, géint der Owend, a well et de Virbereedungsdag, den Dag virum Sabbat war, 43 huet de Jouseph vun Arimathäa, e ugesinnene Member vum Sanhedrin, deen och op dem Herrgott säi Räich gewaart huet, et gewot, bei de Pilatus ze goen an dem Jesus seng Läich ze froen. 44 De Pilatus war verwonnert, datt de Jesus schon dout si sollt. Hien huet de Centurio komme gelooss an hie gefrot, ob de Jesus scho laang dout wär, 45 a wéi hie vum Centurio doriwwer Bescheed kritt hat, huet hien dem Jouseph deen Doudegen iwwerlooss. 46 De Jouseph huet e léngen Duch kaaft, de Jesus vum Kräiz erofgeholl an hien an d’Duch agewéckelt. Dunn huet hien de Jesus an e Graf geluecht, dat aus engem Fiels erausgeha war, an huet e Stee virun den Agank vum Graf gerullt. 47 D’Maria vu Magdala an d’Maria, dem Joses seng Mamm, awer hunn uechtgedoen, wouhinner de Jesus geluecht ginn ass.
|
In dieser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article2149
Oben


