1 Et war e puer Deeg virum Pessach-Fest.
Wéi si an d’Géigend vu Jerusalem koumen,
op Bethphagee an op Bethanien zou, bei den Olivebierg,
huet de Jesus der zwéi vun senge Jünger virgeschéckt
2 a sot zu hinnen: "Gitt an d’Duerf, dat vis-à-vis vun iech läit!
Esoubal dir an d’Duerf erakommt,
fannt dir en Ieselsfillen, dat ugestréckt ass
an op deem nach ni e Mënsch souz.
Maacht et lass
a bréngt et heihin!
3 A wann een zu iech seet: ’Wat maacht dir do?’,
dann äntwert: ’Den Här brauch et,
an hie schéckt et gläich nees heihin zréck.’"
4 Si hunn sech op de Wee gemaach
an si hunn d’Fille fonnt,
dat bei enger Dier baussen op der Strooss ugestréckt war,
an si hunn et lassgemaach.
5 E puer vun deenen, déi do stoungen, soten zu hinnen:
„Wat maacht dir do? Firwat maacht dir dat Fille lass?“
6 Si hunn hinnen esou geäntwert, wéi de Jesus hinne gesot hat,
an dunn hunn déi aner si gewäerde gelooss.
7 Si hunn d’Fille bei de Jesus bruecht.
Nodeems si dem Fillen hir Kleeder op de Réck gehäit haten,
huet de Jesus sech op et gesat.
8 Vill hunn der hir Kleeder op dem Wee ausgebreet,
anerer och Traisch, déi si op de Felder ofgeschnidden haten.
9 Déi, déi virgaang sinn, an déi, déi nokomm sinn,
hu geruff:
"Hosanna!
Geseent sief deen, deen am Här sengem Numm kënnt!
10 Geseent sief eisem Papp David säi Räich, dat kënnt!
Hosanna héich do uewen! "