+Erzbistum
+Pfarrverbände
+Dienststellen
+Bewegungen
MOBILE
 
Kontakt
 
Sitemap
 
Presse
 
Chargement...
Sehen Sie auch ...
 
Joer B
Péngschten (um Dag) A - B - C
Joh 20, 19-23

19 Um Owend vun deem éischten Dag vun der Woch, wéi d’Jünger sech aus Angscht virun de Judden hanner zouenen Dieren opgehal hunn, ass de Jesus komm an huet sech an hir Mëtt gestallt. Hie sot zu hinnen: „Fridde sief mat iech!“

20 Nodeems hien dat gesot hat, huet hien hinnen seng Hänn an seng Säit gewisen. D’Jünger hunn sech gefreet, wéi si den Här gesinn hunn.

21 Du sot de Jesus nach eng Kéier zu hinnen: „Fridde sief mat iech! Wéi de Papp mech geschéckt huet, esou schécken ech iech.“

22 Nodeems hien dat gesot hat, huet hien si ugehaucht a sot zu hinnen: "Emfänkt hellege Geescht!

23 Wiem dir d’Sënnen noloosst, deem sinn se nogelooss; wiem dir se net noloosst, deem sinn se net nogelooss."

 
 
 
In dieser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/recensions-de-livres-buchtipps/article/gabriela-grunden-wer-glaubt-fragt

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés