7 De Johannes den Deefer ass an der Wüüst opgetratt an huet verkënnegt:
"No mir kënnt een, dee méi staark ass wéi ech; ech sinn et net wäert, mech ze bécken an d’Stréckele vun senge Sandale lasszemaachen.
8 Ech hunn iech mat Waasser gedeeft, hien awer deeft iech mat hellegem Geescht."
9 Déi Zäit koum de Jesus vun Nazareth a Galiläa erfort, an hie gouf vum Johannes am Jordan gedeeft.
10 Soubal wéi hien aus dem Waasser eropkomm ass, huet hie gesinn, wéi den Himmel opgerappt ginn ass an de Geescht wéi eng Dauf op hien erofkomm ass.
11 An eng Stëmm koum aus dem Himmel: “Du bass mäi Jong, an ech hunn dech gär; du stees a menger Gonscht!”