+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer C
15. Sonndeg C
Lk 10, 25-37

25 Een, deen sech am Gesetz auskannt huet, ass opgestan. Hie wollt de Jesus op d’Prouf stellen a sot: “Meeschter, wat muss ech maachen, fir um éiwege Liewen deelzehunn?”

26 De Jesus sot zu him: “Wat steet am Gesetz geschriwwen? Wat lies du do?”

27 De Mann huet geäntwert: “Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft a mat dengem ganzen Denken , an du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer .”

28 De Jesus sot zu him: “Du hues gutt geäntwert; maach dat, da kriss du d’Liewen.”

29 De Mann awer wollt sech rechtfertegen a sot zum Jesus: “Wien ass da mäin Nächsten?”

30 Dueropshi sot de Jesus: "E Mann ass vu Jerusalem erof op Jericho gaang,
an hien ass Raiber an d’Gräpp gefall. Déi hunn hien ausgedoen an hunn hien zerschloen; du sinn si fortgaang an hunn hien hallef dout leie gelooss.

31 Zoufälleg ass e Priister dee Wee erofkomm. Wéi hien de Mann gesinn huet, huet hien e Bou gemaach an ass laanschtgaang.

32 D’selwecht war et och mat engem Levit:
Wéi hien op déi Plaz komm ass an de Mann gesinn huet,
huet hien e Bou gemaach an ass laanschtgaang.

33 E Samariter awer, deen och ënnerwee war, ass bis bei de Mann komm, a wéi hien dëse gesinn huet, huet et him am Häerz wéigedoen.

34 Hien ass bei de Mann gaang, huet Ueleg a Wäin op seng Wonne geschott an huet se verbonnen. Dunn huet hien de Mann op säin eegent Reitdéier gehuewen, hien an e Wiertshaus gefouert a fir hie gesuergt.

35 Deen Dag drop huet hien zwou Sëlwermënzen erausgeholl, dem Wiert se ginn a gesot: ’Suerg du elo fir hien! Dat, wat s du méi u Sue brauchs, ginn ech dir erëm, wann ech zréckkommen.’

36 Wie vun dësen dräi ass dann elo denger Meenung no deen Nächste gi vun deem, deen ënner d’Raiber gefall war?“37 Deen, deen sech am Gesetz auskannt huet, sot:”Deejéinegen, deen him géintiwwer baarmhäerzeg war.“Du sot de Jesus zu him:”Da géi, a maach du et gradesou!"

KONTEXT

D’selwescht wéi an den Evangelie vun deene leschte Sonndeger sinn d’Jünger an der Léier ; hei elo kréien si eng mat engem Beispill illustréiert Lektioun driwwer, wat am Gesetz am Wichtegsten ass a wéi et ze liesen/ze verstoen ass.

Am Mk an am Mt (Mk 12, 28-31//) gëtt de Jesus zu senge leschten Deeg zu Jerusalem vun engem Schrëftgeléierte gefrot, wat dat éischt/dat gréisst Gebot am Gesetz wier, wourop de Jesus mat Zitater aus eben deem Gesetz, der Torah äntwert an dës Gesetzer méi oder wéinger an de fir hien a seng Nolauschterer aktuelle Kontext setzt. – Hei an eisem Text, ass d’Ausgangsfro eng aner (V. 25, cf. och Lk 18, 18// wou dës Fro och gestallt gëtt) wourop de Jesus och mat dem Verwäis op d’Gesetz äntwert, awer an zwou Etappen : d’1. mat den Zitater aus dem Gesetz aus dem Mond vum Schrëftgeléierten, an 2. méi déiw drop ageet andeems hie selwer eng Äntwert gëtt op den zweeten Deel vu senger Géigefro, nämlech wéi dat Gesetz ze liesen/ze verstoen ass.

Hei stousse mer op eng vun de Schwieregkeete vun der Nofolleg : et gëtt net einfach e Gesetz, deem ‘einfach esou’ texto ze follege wier, mee, et geet drëms ëmmer erëm op en Neits ze décidéieren, wéi eng Haltung een an dëser oder dier bestëmmter Situatioun anhuele wëlt oder net.

TEXT

Een, deen sech am Gesetz auskannt huet, ass opgestan. Hie wollt de Jesus ... (V. 25) :

‘Een, deen sech am Gesetz auskannt huet’, domadder ass wahrscheinlech e Schrëftgeléierte geméngt ; de Lk gebraucht dës Tournure nawell gären (cf. z. B. 7, 30 ; 11, 45f.52 ; 14, 3). – D’selwescht wéi a Mt 22, 35 stellt de Schrëftgeléierten de Jesus hei op d’Prouw, d.h. datt hien him eng Fal stelle wëlt (anescht Mk 12, 34) ; méi ënnen am Text gesi mer awer, datt de Jesus an deen, deen sech am Gesetz auskannt huet gutt matenee schwätze kënnen (cf. Vv. 27f. 37). – Wann een net grad e Sadduzäer war (déi net un e Liewen nom Doud gegleewt hunn), da kënnt d’Fro no dem éischte/gréisste Gesetz (wéi am Mk/Mt) am Fong geholl op dat selwescht eraus, wéi hei d’Fro (oder a Lk 18, 18//) nom Deelhuelen um éiwege Liewen.

De Jesus sot ... (V. 26) :

De Jesus stellt zwou Géigefroen – an évitéiert esou sech op d’Prouf stellen ze loossen ; deen, deen op d’Prouf stelle wollt, ass elo dee Gepréiften...

De Mann huet geäntwert : ... (Vv. 27-28) :

De Mann (an net wéi a Mk 12, 29// de Jesus) äntwert mat deem, wat hie geléiert huet, mat den Zitater aus der Torah vun deenen zwéi gréisste Geboter (Dtn 6, 5 ; Lev 19, 18). – Woumadder hien eigentlech d’Prüfung bestanen huet. – De Lk zitéiert eng griichesch Versioun vum Gebot vun Dtn 6, 5 wou gesot gëtt, de Mënsch sollt Gott gären hu mat sengem ganzen ‘Denken’, wou am Hebräesche vum ‘Häerz’ Rieds ass – well d’Häerz hirer Iwwerzeegung no déi Plaz war, wou iwwerluecht a geduecht ass ginn.

De Mann awer wollt sech rechtfertegen a sot ... (V. 29) :

De Mann wëlt wahrscheinlech weisen, wéi Eecht et him mat senger Fro ass. – Eigentlech wier déi Fro fir e Judd deemools iwwerflësseg, resp. d’Äntwert esou evident, wéi d’Äntwert mat den Zitater aus der Torah : dem Schrëftgeléierten säin Näächste ass all Judd, deen net grad aus dësem oder deem Grond kultesch onréng ass (cf. Ex 20, 16f ; 21, 14.18.35 ; Lev 19, 11.13.15ff ; ...). – Vläicht wëlt de Lk hei de Jesus op déi Fro agoe loossen, well et eng Fro war, déi sech a senger gemëschte Gemeinschaft (Judden- an Heedechrëschten) ganz aktuell a konfliktuell gestallt huet.

Dueropshi sot de Jesus : « E Mann ass vu Jerusalem ... (V. 30) :

Elo kréie mer gesot, ‘wéi’ mer am Gesetz liese mussen. De Mann, ëmt deen et an der Erzielung geet, kréie mer net weider bechriwwen ; vläicht spillt d’Erzielung tëscht Jerusalem a Jericho (eng 25 Km), well do d’juddäesch Wüüst dertëscht läit, wou sech vill Banditen opgehalen hunn.

Zoufälleg ass e Priister dee Wee erofkomm. Wéi hien ... (Vv. 31-32) :

Dëse Priister, d’nämmelecht wéi de Levit (V. 32) hate Chance, datt si net selwer de Raiber an d’Gräpp gefall sinn. – Firwat grad e Priister – de Lk seet et net, vläicht fir datt de Géigesaz am Behuelen tëscht de Vertrieder vum juddesche Vollek (Priister a Levit) an dem Samariter méi ervirstécht. – A wéi dacks a Gläichnesser ginn dräi Persoune mateneen a Verbindung bruecht.

E Samariter awer, deen och ënnerwee war, ass bis bei de Mann komm, a ... (Vv. 33-34) :

Aus geschichtleche Grënn hunn d’Judden sech net mat de Samariter opgehalen an hunn op si erofgekuckt (cf. Sir 50, 25f ; Joh 4, 9). Dem Samariter hei aus der Geschicht ass et awer eegal, ier dee Blesséierten e Judd ass oder net (et gëtt jo och an dem Gläichnes net gesot !) ; am Géigesaz zu de Vertrieder vum Schrëftgeléierte sengem Vollek, léisst hien sech bis a seng Träipen beréieren (wuertwiertlech fir ‘et huet am Häerz wéi gedoen’) ; d.h. hie këmmert sech ëmt dee Mann, net well dat an engem Gesetz geschriwwe steet, mee, well et him un d’Träipe geet, hien do leien ze gesinn. (Ueleg gouf op Wonne geschott fir d’Péng ze huelen a Wäin fir ze désinfizéieren.)

Deen Dag drop huet hien zwou Sëlwermënzen ... (V. 35) :

De Samariter huet kee ‘Bernhardiner-Komplex’, mee bezillt de Wiert fir datt deen sech elo weider ëmt de Mann këmmert. – Géigesäitegt Vertraue gëtt gefrot : vum Samariter an de Wiert an ëmgedréit.

Wie vun dësen dräi ass dann elo denger Meenung no ... (V. 36) :

Et ass net de Mann, deen deenen dräi hiren Näächste war, mee, de Samariter (V. 37) ass, doduerch datt et him un d’Träipe gaangen ass an hien du gehandelt huet ouni ëmzekuken (=baarmhäerzeg war !) dem Mann säin Näächste ginn ! – D’Perspektiv vum Ufank vum Gläichnes ass geréckelt ! – Et geet hei net ëmt Theorie : dräimol gëtt d’Verbe ‘maache’ gebraucht (Vv. 25. 28. 37) ! Näächsteléift ass jo an den Evangelien net eng romantesch Léift, mee, ëmmer erëm (‘wien ass deen Näächst ginn) en Sech-asetzen an en Sech-beréiere loossen (=agapä) ; dowéinst ass déi ëmgedréinte Fro vum V. 36 esou wichteg. An dat eent Gläichnes gëtt ee Beispill fir dat duebelt Gesetz vun der Gottes- an Näächsteléift, déi net vueneen ze trenne sinn (V. 27) ...

 
Fränz BIVER-PETTINGER
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-c/article/15-sonndeg-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés