+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer C
3. Adventssonndeg C
Lk 3,10-18

10 D’Leit hunn de Johannes den Deefer gefrot:
“Wat solle mir dann elo maachen?”

11 Hien huet hinne geäntwert:
"Wien zwee Hiemer huet,
soll deem eent matginn, dee keent huet,
a wien z’iessen huet,
soll et gradesou maachen!"

12 Et koumen och Steierandreiwer, fir sech deefen ze loossen,
an si soten zu him: “Meeschter, wat solle mir da maachen?”

13 Hien huet hinne geäntwert:
“Dreift net méi an ewéi dat, wat dir virgeschriwwe krut!”

14 Och Zaldoten hunn hie gefrot:
“A mir, wat solle mir maachen?”
Zu hinne sot hien:
"Setzt keen ënner Drock,
erpresst och keen
a sidd mat ärem Sold zefridden!"

15 D’Vollek war voll Erwaardung,
an alleguer hunn si sech gefrot,
ob de Johannes net vläicht esouguer de Messias wär.

16 Du sot hien zu hinnen all:
"Ech deefen iech elo mat Waasser,
ma et kënnt een, dee méi staark ass wéi ech,
an ech sinn et net wäert, him seng Schongstréckele lasszemaachen.
Hien deeft iech mat hellegem Geescht a mat Feier.

17 Hien huet d’Schëpp schonn an der Hand,
fir säin Denn propper ze maachen
an de Weess an senger Scheier ze sammelen;
d’Kuef awer verbrennt hie mat Feier, dat ni ausgeet."

18 De Johannes huet d’Vollek nach zu villem aneren ugehal
an him esou déi Gutt Noriicht verkënnegt.

KONTEXT

De Johannes kënnegt de Leit, déi sech vun him deefe loosse wëllen, d’Geriicht un, e schrot Geriicht, wou der vill net gutt ewech kommen (Lk 3, 7-9).

D’Leit erféieren iwwert déi uerg Aussichten a froen de Johannes, wat si dann elo maache sollten. Domadder ginn si e Schrack weider an hirer Ëmkéier : si schénge prett fir eppes an hirem Liewen z’änneren. D’Vv.10-14 hu kee Paralleltext an deenen aneren Evangelien.

Eier den Herodes Antipas de Johannes an de Prisong geheie léisst (Vv.19-20) widderhëlt hien seng Ukënnegung vum imminente Geriicht, déi Kéier dann am Kontext vun der Daf, déi dee matbréngt, dee méi staark ass wéi hie selwer (Vv.15-18).

Zu däer Zäit war eng rituell Réngegung mat Waasser am Juddentum bekannt (z. B. zu Qumran, wou awer och Wäert geluecht ass ginn op eng bannewänneg Bekéierung, bei de Pharisäer, an och bei de Proselyten, d.h. Leit, déi sech zum juddesche Glawe bekéiert hunn). Dem Johannes seng Daf war awer e bëssen anescht : seng Daf war jiddferengem zougänglech an si war just fir ee Mol, d.h. si konnt normalerweis keng zweete Kéier widderholl ginn. Et huet een sech misse virhuelen sech säriös ze bekéieren, en vue vum Noloosse vun de Sënnen. D’Sënnen huet ee missen haart agestoen. « Sech bekéieren » huet geheescht : versichen d’Kéier am Liewen ze kréien a versichen op Gott ze vertrauen. Wie vum Johannes gedeeft ginn ass, ass mat eragaangen an d’Endzäit, d.h. an déi lescht Etapp vun der Geschiicht tëscht dem Herrgott an de Mënschen.

TEXT

D’Vv. 10-14 fanne mer just beim Lk ; d.h. do, wou de Lk anescht ass, wéi de Mt an de Mk liese mer eppes, wat typesch ass fir seng Theologie (sief et datt déi Vv. aus sengem « Sondergut » stamen, sief et datt se typesch si fir de Redakter vum Lk). - Wat dann hei typesch ass fir de Lk : d’Betounung vun der Ëmkéier an déi verschidde Kategorie vu Leit, déi sech bekéiere wëllen, bal elauter Ausgestoussener aus der deemoleger reliéis-ziviler Gesellschaft, Leit, mat deene keen sech gären opgehalen huet. Grad déi loossen sech uspriechen.

D’Leit hunn de Johannes den Deefer gefrot (V.10 ; cf. Vv.12.14)
: wéi de Johannes an de Vv.7-9 dat imminent Geriicht beschriwwen huet, hu seng Nolauschterer et mat der Angscht ze doe kritt. Dofir froen si elo, wat si da maache sollten oder kéinten, wat e Schrack ass an déi richteg Richtung (cf. supra). – Och an der Apg, dem Tome 2 vum Lk wann een esou wëllt, stelle Leit, déi amgaang sinn sech ze bekéieren dës Fro (cf. z. B. Apg 2, 37 ; 16, 30 ; 22, 10).

Vv 11-14
: dem Johannes seng Äntwert rifft d’Leit derzou op sech rücksichtsvoll ze behuelen an net nëmmen op sech selwer konzentréiert ze sinn; et kënnt also scho beim Johannes, wéi méi spéit och beim Jesus op Haltungen un (net op Geboter « du solls, du solls net ») ; et fällt op, datt de Johannes weder direkt zu de Steierandreiwer nach zu den Zaldote seet, si missten sech eng aner Schaff sichen ! D’Chrëschten aus deenen éischte Jorhonnerte waren do méi kommëss : et konnt kee gedeeft ginn a Steierandreiwer oder Zaldot bleiwen.

Wien zwee Hiemer huet ... (V.11)
: mär géifen haut soen « wien zwee Läpper huet » ; dat Stéck Gezei hei ass eppes ganz Einfaches, ouni Ärem, dat direkt um Kierper gedroen ass ginn. – Déi al Prophéiten (de Johannes stellt sech nees an hir Rei) hu schonns heizou opgeruff ; fir si ass esou ee Behuelen dat « richtegt Faaschten » (Jes 58, 7) an en Zeechen, datt e Mënsch « gerecht » ass (Ez 18, 7).

Et koumen och Steierandreiwer... (Vv. 12-13)
: déi, déi net gutt gelidde sinn schénge wëllens d’Kéier ze kréien ; d’Steierandreiwer ware Kollaborateure mat der réimescher Besatzungsmuecht. Duerch de Kontakt mat Net-Judde waren si kultesch onréng. Si haten eng bestëmmten Zomm u Steiergelder fir Roum anzedreiwen ; wat si doriwwer eraus agedriwwen hunn, konnten si halen, dat war grosso modo hiirt Akommes. – Dem Johannes säi Rot, si sollten net méi Steieren andreiwen, wéi néideg, kléngt gutt ; mee, wouvunner sollten si an hir Famill da liewen ?

Och Zaldoten ... (V.14)
: Och d’Zaldote waren duerch hir « Aarbecht » kultesch onréng (doud maachen, Kontakt mat Blutt an Net-Judden), an domadder, wéi d’Steierandreiwer ausgestouss aus der juddescher reliéis-ziviler Gemeinschaft. – Wann si sech dem Johannes senger Äntwert no riichten, da sinn si keng Zaldote méi ! Wéi sollten si dann Zaldote sinn, ouni Gewalt auszeüben ? An dacks war de Sold esou mikreg, datt si bal hu missen, fir z’iwwerliewen, sech anerwäerts en Akommes beschafen !

D’Reaktioun vun de Leit, de Steierandreiwer an den Zaldote kréie mer dann och net verzielt !

D’Vollek war voll Erwaardung ... hunn si sech bei sech gefrot (V.15)
: si hunn sech bei sech gefrot, wuertwiertlech « si hunn sech an hiren Häerzer gefrot » ; an der juddescher Opfaasung vum Mënsch ass d’Häerz déi Plaz, wou iwwerluecht gëtt an Entscheedunge geholl ginn.

Ëmt déi Zäit war d’Hoffnung op de Messias (= dee Gesaleften = de Christus) am juddesche Vollek ganz grouss ; d’Leit hunn sech schwéier gedoe mat der jorhonnertelaanger Okkupatioun duerch Friemer (cf. vun de Makkabäerbicher bis bei d’Réimer). Et ass haaptsächlech op e politesche Messias (ausser zu Qumran) gewaart ginn, deen d’Réimer erausgeheie géif an dat « aalt » Israel, wéi ënnert dem Kinnék David, evtl och als e Gottesstaat erëm opriichte géif.- Déi Zäit ass och méi wéi een opgetrueden, deen sech zum Messias beruff gespuert huet, bis hin zum Bar Kochba (2. Krich géint d’Réimer, deen 135 zu Massada en tragescht Enn fonnt huet).

Du sot hien zu hinnen all : « Ech deefen iech elo mat Waaser, ma et kënnt een, dee méi staark ass ... (V.16)
: wuertwiertlech « ech deefen iech elo mat Waaser/ hien deeft iech am Waasser an am hellege Geescht ; hei gëtt den Ënnerscheed gemeet tëscht dem Johannes an dem Jesus senger Daf ; engersäits kann et sinn, datt de Johannes eng fir eis zimlech « brutal » Messiaserwaardung hat (cf. 17), anerersäits kann hei schonn eng Uspillung sinn u Päischten (cf. Apg 2, 3-4), woubäi am Waasser an am hellege Geescht méi ass, wéi e Geste, mee eppes wéi eng aktiv Präsenz, déi do ugefaangen huet, an an dier déi Gedeeften ewéi dra stinn, ewéi de Stuerm, deen ëmt d’Leit an der Apg op Päischten bléist.

De Johannes schwätzt net fir sech, ma fir deen, dee méi staark ass
wéi hie selwer ; d’Stäerkt gehéiert zu den Attributer vum Messias (cf. Jes 11, 2 ; 49, 25). De Johannes gesäit sech als manner wéi e Sklav, well hien et net emol wäert ass, deem dee méi staark ass wéi hien, d’Schongstréckele lasszemaachen. (E Judd konnt net vun sengem juddesche Sklav verlaangen him d’Stréckele lasszemaachen !) An den Evangelie gëtt drop insistéiert, datt de Johannes sech selwer ganz kleng gemeet huet an datt hien sech just als Virleefer gesinn huet vum Messias. Historesch gesinn huet dat seng Ursaach am Konflikt tëscht Johannes- a Jesusjünger, déi allebéid an hirem Léiermeeschter de Messias gesinn hunn. Dëse Konflikt ass doduerch verschäerft ginn, well de Jesus zu ugangs wahrscheinlech e Jünger vum Johannes war.

Hien huet d’Schëpp schonn ... (V. 17)
: d’Biller, déi de Johannes gebraucht fir d’Geriicht ze beschreiwen, fanne mer scho bei de Prophéiten, wann se dem Jahwe säi Geriicht ugekënnegt hunn (cf. Jes 5, 24 ; 47, 14 ; 66, 24 ; Jer 15, 7 ; 51, 2 ; Jl 2, 5).

Et gouf deemools « Deeferbeweegungen », déi jiddfereng op hir Manéier dem Messias säi Komme virbereede wollten. – Déi bekannsten, zu dier och de Johannes den Deefer eng Zäit laang schéngt gehéiert ze hunn, ass d’Communautéit vu Qumran, déi op e priisterleche Messias gewaart huet. – De Johannes ass iwwerzeegt, datt mam Messias d’Geriicht kéim an datt de Messias virun der Dier stéing, e Messias, deen sech anescht behëlt wéi de Jesus et da mécht. E puer Kapitele méi wäit (Lk 7, 18-23) liese mer, datt de Johannes sech freet, ier hien sech net am Jesus-Messias versinn hätt !

De Johannes huet d’Vollek ... an him esou déi Gutt Noriicht verkënnegt (V.18)
: dem Johannes säin Optrieden, säi Wierke sinn eng Gutt Noriicht = en Evangelium (am Griichesche gëtt d’Verbe gebraucht).

D’Vv. 19f verziele wéi mat dëser Verkënnegung vun enger Gudder Noriicht déi Mächteg sech getrëppelt spieren ; de Johannes kënnt an de Prisong, an de Jesus, deen Ugekënnegten fiert, op seng Manéier, weider (V.21).

 
Fränz BIVER-PETTINGER
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-c/article/3-adventssonndeg-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés