KONTEXT
D’Erzielung vum Maria, dat bei seng Kusinn, d’Elisabeth, op Besuch geet, gehéiert zu de sougenannte « Kandheetserzielungen » aus dem Lk.
An deenen zwee laange Kapitele verzielt de Verfaaser vum Lk a parallelen Erzielunge vum Johannes dem Deefer a vum Jesus. Wann een déi zwéin Erzielsträng matenee vergläicht, stiechen d’Ënnerscheeder tëscht dem Johannes an dem Jesus ervir. An esou ass et och geduecht.
D’Kandheetserzielunge beim Mt a beim Lk solle keng séiss Geschichte vun engem Puppelche sinn. (De Joh huet de Prolog, deen u sech dee selweschten Zweck erfëllt wéi d’Kandheetserzielungen ; an de Mk huet nëmmen ee Saz, fir den Toun unzeginn.) – Souwisou ass d’Kand als Kand eréischt eng Entdeckung vun deene leschte Jorhonnerten ! Kuckt emol d’Biller vun deene grousse Moler (Rubens, Rembrandt,...) vu fréier : d’Kanner si bal ëmmer duergestallt wéi « kleng Aler ».
Esou och an de Kandheetserzielungen : hei gëtt gewisen, wat emol eng Kéier aus deem Kand do gëtt ; well dat, wat aus deem Kand do gëtt, ass vun Ufank un an him. – De Lk weist de Jesus ganz vill, wéi hien sech deenen Ausgestoussenen an Aarmen hirer unhëlt ; dofir kommen an senger Kandheetserzielung Hiirde bei de Puppelchen, Hiirden, déi wéinst hirem Beruff « onréng » waren, also um Bord vun der Gesellschaft.
Mer däerfen also net d’Fro Stellen : « wéi war dat wierklech ?» (wéivill Schof si matkomm, waren se all wäiss, ... ?), mee, « wat ass de Sënn, wat wëlt de Lk äis soen iwwert de Glawen un deen operstanene Jesus? ». – Anerwäerts siche mer eppes am Text, wat guer net dran ass.
TEXT
An deenen Deeg huet d’Maria sech op de Wee gemaach an sech geflass... (V. 39) ::
Vläicht fläisst d’Maria sech, well d’Elisabeth gläich säi Kand kritt (cf. Lk 1, 36.57) ; vläicht awer och, well si dat, wat si erliewt huet muss engem verzielen. – Hei ass esou eng Plaz an den Evangelien, wou een e ganzt Buch kann iwwert en haalwe Vers schreiwen, ouni awer eng endgülteg Äntwert ze kréien.
Do ass si an dem Zacharias säin Haus eragaang... , datt d’Kand an hirem Schouss sech beweegt huet (Vv. 40-41. 43-44) ::
D’Maria ass beim Elisabeth ukomm, am Zacharias (dee fir de Moment stëmmchen ass) sengem Haus; mee, eigentlech kënnegt dat, wat da geschitt d’Relatioun tëscht deenen zwou Fraen hire Jongen un : d’Elisabeth gëtt erfëllt vun hellegem Geescht, a mat hir d’Kand an hirem Läif ; wéi spéiderhin de Johannes eléng kënnegen si hei zu zwee (« haart geruff » = wuertwiertlech « geruff mat haardem Kreesch) als Prophéiten de Messias un – wou, dem Lk no, wuel kaum een dem Elisabeth virdrun erzielt hat, datt d’Maria do mat concernéiert wier. – Dem Johannes seng Missioun huet schonn ugefaangen (cf. supra)!
« Geseent bass du ënner de Fraen a geseent ass ... » (V.42) ::
De Passiv « geseent ass » heescht, datt et Gott ass, dee seent (passiv divin) ; d’Verbzäit ass déi zweemol de Griichesche Perfekt, wat undeit, datt d’Maria an d’ Kand an hirem Schouss an der Vergaangenheet geseent waren an et och weiderhi sinn ; d’Formuléierung « Geseent ënnert de Fraen » ass en Hebraismus a bedeit, datt d’Maria déi am meeschte geseente Fra ass (Superlativ). « Geseent si vu Gott », d.h. och « gelueft », « gutt ugesinn ».
... datt mengem Här seng Mamm bei mech kënnt (V. 43) ::
« den Här » war ë. a. och en Titel fir de Messias ; vun senger Gebuert u gëtt de Jesus vum Lk « Christus Här » genannt (cf. 2, 11 ; Apg 2, 36) ; fir de Lk ass de Jesus also wierklech vun Ufank un de Christus=Messias, wat jo net en Numm ass, mee, e Liewesprogramm, eng Missioun.
Glécklech ass déi Fra, déi gegleewt huet ... (V.45) ::
« Glécklech » ass dat selwescht Wuert wéi an de Séilegpreisungen (Lk 6, 20-26). Dëst ass eng klassesch Formulatioun aus der biblescher an aus der juddescher Litteratur ; deen Zoustand (elo oder an der Zukunft) kënnt vu Gott.
Déi Fra, déi gegleewt huet ::
Am Géigesaz zum Zacharias huet d’Maria gegleewt. « Gleewen » am biblesche Sënn heescht « vertrauen hunn an/Vertrauen op ». Wourop ? Ma, datt Gott et gutt mat engem méngt . (Dat Griichescht Verbe, dat am N.T. meeschtens mam Dativ gebraucht gëtt, heescht dann och « vertrauen an/vertrauen op».)
... wat hir vum Här gesot gouf (V. 45) ::
hei fanne mer an dem Elisabeth senge Wierder eng fundamental biblesch Iwwerzeegung erëm ; Gott seet eppes – an et geschitt (cf. direkt am 1. Schöpfungsbericht, Gen 1, 1-31).


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1575
Uewen

