Lasset die Kleinen zu mir kommen, denn ihrer ist das Himmelreich.
Kleng Kanner vermëttle Gléck. Si sinn eng Oas an enger Erwuessenewelt, déi sech meeschtens awer nëmmen net géif erofloossen, eppes
bei hinnen ze léieren.
Schued, well Kanner sinn e Stéck Paradies. Mat hirer Fähegkeet ze staunen, mat hirem Sënn fir den Detail an der Natur, mat hirem Enthusiasmus an hirer onausgesprachener Dankbarkeet vis-à-vis vun den Elteren an all deenen, déi si gäer hunn an op déi si sech verloosse kënnen ... weisen si de Wee zu Gott.
Onschold ass e Wuert, wat vun deene „Grousse“ belächelt gëtt. Mä wa Kanner eis unzéien, ass et dann net, well mir eist eegent Verlaangeren no Onschold a Gebuergenheet net wëllen zougin?
Kanner sinn authentesch, si maachen eis näischt vir a wëllen net, datt mir hinnen eppes virmaachen. Kanner si fragile, a séier blesséiert. Mir luede Schold op eis, wa mer Kanner verletzen, se lénks leieloossen oder hinnen hir Kandheet huelen. Vläicht ass et der Bibel hiert déifst Geheimnis, datt Gott selwer als Kand bei eis koum.