Sou biede mir am „Vaterunser“ an all Mass, mol op Däitsch, mol op Franséisch oder Lëtzebuergesch. Dat misst am Fong fir e Chrëscht net nëmmen esou higeschwat ginn, mee och a Wierklechkeet praktizéiert an ëmgesat ginn, soss verléiert eist Gebied u Wäert.
Wa mier an der Famill, an der Noperschaft, do wou mir schaffen an och an de Veräiner kee Verzeie kennen, da brauche mir eis net ze verwonneren, wann Terror a Krich ni en Enn kréien.
Beim Verzeie sin meeschtens zwou Säiten ugesprach a gefuerdert. Och wa mir da bei allem gudde Wëllen op en daaft Ouer stoussen, bréngt eist Verzeien eis dach eng gewëssen Erliichterung, well mat Haass am Häerz ze liewen ass schwéier.
Ech denken un zwee Journalisten - de Frantz Clement vum Escher Tageblatt an de Batty Esch vum Luxemburger Wort -, déi sech virum Krich an hiren Zeitungen vill bekämpft hunn. Am Kazett zu Dachau hu si sech erëmgetraff: „Zu einer legendären Begegnung kam es in Dachau im Frühjahr 1942, als der sozialistische Politiker und Redakteur Frantz Clement ebenfalls in Dachau eingeliefert wurde. (...) Clement ging auf Esch zu, packte ihn an den breiten Schultern und umarmte ihn: ‚Wat war, soll vergiess sinn. Ech hu mech geiert. Déi sech am beschten halen, dat sidd dach Dir Pafen.’ Esch brachte kein Wort heraus. Er weinte wie ein Kind.“ (Die Luxemburger Kirche im 2. Weltkrieg, 1991, S. 367).
Si wollte sech, wann se neess doheem wiren, konstruktiv fir d’Hémecht an d’Famillen asetzen, amplaz sech géigesäiteg ze bekämpfen.
Kee vun hinnen huet d’Hémecht erëmgesinn. Hir Versöhnung soll eis e Beispill sin.