lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

13. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 10,37-42

37 De Jesus sot zu sengen Apostelen: "Wie méi frou mat sengem Papp oder senger Mamm ass wéi mat mir, deen ass menger net wäert, a wie méi frou mat sengem Jong oder senger Duechter ass wéi mat mir, deen ass menger net wäert,

38 a wien net säi Kräiz hëlt a mir nokënnt, deen ass menger net wäert.

39 Wien säi Liewe fënnt, dee verléiert et, ma wien säi Liewe wéinst menger verléiert, dee fënnt et.

40 Wien iech ophëlt, deen hëlt mech op, a wie mech ophëlt, hëlt deen op, dee mech geschéckt huet.

41 Wien e Prophéit ophëlt, well et e Prophéit ass, dee kritt engem Prophéit säi Loun, a wien e Gerechten ophëlt, well et e Gerechten ass, dee kritt engem Gerechte säi Loun.

42 A wien engem eenzege vun dëse Klengen e Becher Waasser ze drénke gëtt, well et e Jünger ass, amen, ech soen iech: Säi Loun geet him ganz sécher net verluer."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu