lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

15. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 13,1-23

1 De Jesus ass aus dem Haus erausgaang an huet sech bei de Séi gesat.

2 Eng Onmass Leit si bei him zesummekomm, esou datt hien an en Naache geklomm ass an sech gesat huet, iwwerdeems d’Leit alleguer um Uwänner stoungen.

3 An hien huet hinne villes a Gläichnesser verzielt. Hie sot: "E Mann ass erausgaang fir ze séien.

4 Iwwerdeems hie geséit huet, ass en Deel vum Som op de Wee gefall, an d’Vigel si komm an hunn en opgepickt.

5 En aneren Deel ass op stengege Grond gefall, wou net vill Buedem war, an huet eenzock ugefaang opzegoen, well de Buedem keng Déift hat.

6 Wéi awer d’Sonn opgaang ass, gouf e versengt, a well e keng Wuerzelen hat, ass e verdréchent.

7 Nach en aneren Deel ass an d’Däre gefall, an d’Däre si gewuess an hunn en erstéckt.

8 En aneren Deel schliisslech ass op gudde Buedem gefall an huet Fruucht bruecht, deen een 100-fach, deen anere 60-fach, nach en aneren 30-fach.

9 Wien Oueren huet, dee soll lauschteren!”

10 Seng Jünger si bei hie komm a soten zu him: "Firwat verziels du hinnen dat a Gläichnesser?”

11 Hien huet hinne geäntwert: "Iech ass et ginn, d’Geheimnesser vum Himmelräich ze kennen, hinnen awer ass et net ginn.

12 Well deen, deen huet, kritt nach derbäi, an hie kritt am Iwwerfloss; deen awer, deen net huet, kritt och nach dat ewechgeholl, wat hien huet.

13 Duerfir verzielen ech hinnen dat a Gläichnesser, well si gesinn, an dach gesinn si net; si héieren, an dach héieren a verstinn si net.

14 Wat si ugeet, erfëllt sech dem Isaias seng Prophezeiung, déi seet: Mat ären Oueren héiert dir, an dach verstitt dir net. Mat ären Ae gesitt dir, an dach gesitt dir net.

15 Well dësem Vollek säin Häerz ass verbruet; mat hiren Oueren héieren si schlecht, an hir Aen halen si zou, fir datt si net mat den Ae gesinn, net mat den Oueren héieren an net mat dem Häerz verstinn, fir datt si sech net bekéieren an ech si net heele kann.

16 Glécklech awer är Aen, well se gesinn, an är Oueren, well se héieren!

17 Amen, ech soen iech: Vill Prophéiten a Gerechter hätte gär gesinn, wat dir gesitt, an hunn et net gesinn, an si hätte gär héieren, wat dir héiert, an hunn et net héieren.

18 Lauschtert also, wat d’Gläichnes vun deem, dee séie gaang ass, bedeit.

19 All Kéier wann e Mënsch d’Wuert vum Räich héiert an et net versteet, kënnt dee Béisen an hëlt dat ewech, wat an deem Mënsch säin Häerz geséit gouf. Dat ass deen Deel Som, deen op de Wee geséit ginn ass.

20 Deen Deel, deen op stengege Grond geséit gouf, dat ass dee Mënsch, deen d’Wuert héiert an et direkt voll Freed ophëlt.

21 Hien huet awer keng Wuerzelen an hält net laang duer; wann dann Zäite vun Nout oder Verfollegung wéinst dem Wuert kommen, fält hie gläich ëm.

22 Deen Deel, deen an d’Däre geséit gouf, dat ass dee Mënsch, deen d’Wuert héiert, ma d’Suerge vun dëser Welt an de Reiz vum Räichtum erstécken d’Wuert, an et bleift ouni Fruucht.

23 Deen Deel, deen op gudde Buedem geséit gouf, dat ass dee Mënsch, deen d’Wuert héiert a versteet an deen da Fruucht bréngt – deen een dréit 100-fach, deen anere 60-fach, nach en aneren 30-fach."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu