lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

19. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 14,22-33

22 Nodeems de Jesus deene ville Leit eppes z’iesse verschaaft hat, huet hien seng Jünger gedoen an den Naache klammen an op déi aner Säit virfueren. Iwwerdeems si fortgefuer sinn, huet hien d’Leit fortgeschéckt.

23 Duerno ass hien de Bierg eropgaang, fir fir sech ze sinn an ze bieden. Et ass Owend ginn, an hie war eleng um Bierg.

24 Den Naache war scho vill Stadie vum Land ewech a gouf vun de Wellen hin an hier gerappt, well et war Géigewand.

25 An där véierter Nuetswuecht ass de Jesus iwwer de Séi op d’Jünger duerkomm.

26 Wéi si hien iwwer de Séi komme gesinn hunn, waren si ausser sech a soten: “Et ass e Geescht!”, an si hu vun Angscht Kreesch gedoen.

27 De Jesus huet direkt ugefaang, mat hinnen ze schwätzen, a sot: “Kuraasch, ech sinn et; fäert net!”

28 De Péitrus huet him geäntwert: “Här, wann s du et bass, da gebitt mir, iwwer d’Waasser bei dech ze kommen!”

29 De Jesus sot: “Komm!” Nodeems de Péitrus aus dem Naachen erausgeklomm war, ass hien iwwer d’Waasser op de Jesus duergaang.

30 Wéi hien awer dee staarke Wand gesinn huet, huet hien et mat der Angscht ze doe kritt, a wéi hien ugefaang huet ënnerzegoen, huet hie Kreesch gedoen: “Här, rett mech!”

31 De Jesus huet eenzock d’Hand ausgestreckt an de Péitrus gepaakt. Hie sot zu him: “Du Klenggleewegen! Firwat hues du gezweiwelt?”

32 Nodeems si an den Naache geklomm waren, huet de Wand sech geluecht.

33 Déi am Naachen hunn de Jesus ugebiet a soten: “Wierklech, du bass dem Herrgott säi Jong!”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu