lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

3. Adventssonndeg A

Mt 11,2-11

2 De Johannes hat am Prisong vum Christus senge Wierker héieren. Duerfir huet hien seng Jünger dohi geschéckt,

3 fir hien ze froen: “Bass du deen, dee komme soll, oder solle mir op en anere waarden?”

4 De Jesus huet hinne geäntwert: "Gitt hin an erzielt dem Johannes, wat dir héiert a gesitt:

5 Déi Blann gesinn nees, an déi Schlamm kënnen erëm goen; déi Aussätzeg gi gerengegt, an déi Daf héieren op en Neis; déi Doudeg ginn erwächt, an deenen Aarme gëtt eng gutt Noriicht verkënnegt.

6 A glécklech ass dann deen, deen u mir keen Ustouss hëlt.“7 Wéi dem Johannes seng Jünger fort waren, huet de Jesus ugefaang, mat de Leit iwwer hien ze schwätzen. Hie sot:”Wat wollt dir iech ukucken, wéi dir an d’Wüüst erausgaang sidd? En Hallem, dee vum Wand hin an hier geblose gëtt?

8 Oder wat wollt dir gesinn, wéi dir erausgaang sidd? E Mënsch, deen a Seid a Samett gekleet ass? Kuckt, Leit, déi a Seid a Samett gekleet sinn, déi sinn an de Kinnekshaiser.

9 Oder wat wollt dir gesinn, wéi dir erausgaang sidd? E Prophéit? Jo, ech soen iech, esouguer méi wéi e Prophéit.

10 De Johannes ass et, iwwer dee geschriwwe steet: Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier: Hie geet virun dir a bereet däi Wee vir.

11 Amen, ech soen iech: Vun all deenen, déi jee vun enger Fra gebuer goufen, ass kee méi grouss wéi de Johannes den Deefer – an dach ass dee Klengsten am Himmelräich méi grouss wéi hien."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu