lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

4. Adventssonndeg A

Mt 1,18-24

18 Mat dem Jesus Christus senger Gebuert war et esou: Seng Mamm Maria war dem Jouseph versprach. Nach éier si zesummegelieft hunn, huet sech gewisen, datt d’Maria an aneren Ëmstänn war – vum hellege Geescht.

19 De Jouseph, hire Mann, dee gerecht war, awer si net bloussstelle wollt, huet decidéiert, si heemlech fortzeschécken.

20 Iwwerdeems hien doriwwer nogeduecht huet, ass him am Dram en Engel vum Här erschéngen a sot: "Jouseph, Jong vum David, fäert net, fir d’Maria, deng Fra, bei dech ze huelen! Dat Kand, dat si erwaart, ass nämlech vum hellege Geescht.

21 Si kritt e Jong, dee solls du Jesus nennen, well hien ass deen, deen säi Vollek vun senge Sënne rett."

22 All dat hei ass geschitt, fir datt sech dat erfëlle géif, wat den Här duerch de Prophéit gesot hat:

23 Kuck, d’Jongfra kënnt an aner Ëmstänn a kritt e Jong, an hie gëtt Emmanuel genannt, dat heescht iwwersat: Gott [ass] mat äis.

24 Wéi de Jouseph erwächt ass, huet hien dat gemaach, wat dem Här säin Engel him opgedroen hat, an hien huet seng Fra bei sech geholl.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu