lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

7. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 5,38-48

38 De Jesus sot zu senge Jünger: "Dir hutt héieren, datt gesot ginn ass: A fir A, an Zant fir Zant.

39 Ech awer soen iech: Leescht deem Béise kee Widderstand! Am Géigendeel: Wann een dir eng op dee rietse Bak gëtt, dann hal him och deen aneren duer!

40 A wann een dir de Prozess maachen an däin Hiem huele wëllt, da looss him och de Mantel!

41 A wann een dech zwéngt, eng Meil mat him ze goen, da géi der zwou mat him!

42 A wann een dech fir eppes freet, da gëff him et, a wann een eppes vun dir léine wëllt, dann dréi him net de Réck!

43 Dir hutt héieren, datt gesot ginn ass: Du solls däin Nächste gär hunn, an du solls däi Feind haassen!

44 Ech awer soen iech: Hutt är Feinde gär a biet fir déi, déi iech verfollegen,

45 fir datt dir Kanner vun ärem Papp am Himmel gitt! Hie léisst nämlech seng Sonn opgoen iwwer deene Béise grad ewéi iwwer deene Gudden, an hie léisst et reenen op déi Gerecht grad ewéi op déi Ongerecht.

46 Wann dir nëmmen déi gär hutt, déi iech gär hunn, wat fir e Loun sollt dir duerfir kréien? Maachen net och d’Steierandreiwer dat?

47 A wann dir nëmmen är Gesëschter gréisst, wat maacht dir dann Extraes? Maachen net och d’Heeden dat?

48 Dir sollt also vollkomme sinn, esou wéi äre Papp am Himmel vollkommen ass."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu