lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

18. Sonndeg am Joereskrees B

Joh 6,24-35

24 Wéi déi vill Leit gesinn hunn, datt weder de Jesus nach seng Jünger do waren, hunn si sech op d’Sich no him gemaach. Si sinn an déi kleng Naache geklomm a sinn op Kapharnaum gefuer.

25 Wéi si de Jesus op där anerer Säit vum Séi fonnt hunn, hunn si hie gefrot: “Rabbi, zënter wéini bass du hei?”

26 De Jesus huet hinne geäntwert: "Amen, amen, ech soen iech: Dir sicht mech net, well dir Zeeche gesinn hutt, ma well dir vum Brout giess hutt a gesiedegt gouft.

27 Schafft net, fir e Kascht ze kréien, dee verdierft, ma schafft, fir dee Kascht ze kréien, dee bleift bis an d’éiwegt Liewen an deen de Mënschejong iech gëtt! De Papp – den Herrgott – huet nämlech dem Mënschejong säi Sigel opgedréckt.”

28 Du soten si zu him: "Wat musse mir maachen, fir dem Herrgott seng Wierker ze verwierklechen?”

29 De Jesus huet hinne geäntwert: "Dat hei ass dem Herrgott säi Wierk: datt dir un dee gleeft, dee vun him geschéckt gouf.”

30 Du soten si zu him: "Wat fir en Zeeche méchs du dann, fir datt mir gesinn an dir gleewen? Wat wierks du?

31 Eis Pappen hunn d’Manna an der Wüüst giess, esou wéi geschriwwe steet: Brout aus dem Himmel huet hien hinnen z’iesse ginn.”

32 Du sot de Jesus zu hinnen: "Amen, amen, ech soen iech: Net de Moses huet iech d’Brout aus dem Himmel ginn, ma mäi Papp gëtt iech dat wierklecht Brout aus dem Himmel.

33 Dem Herrgott säi Brout ass nämlech deen, deen aus dem Himmel erofkënnt an der Welt d’Liewe gëtt.”

34 Du soten si zu him: "Här, gëff äis ëmmer dat Brout!”

35 De Jesus sot zu hinnen: “Ech sinn d’Brout vum Liewen: Wie bei mech kënnt, gëtt ni méi hongereg, a wien u mech gleeft, gëtt ni méi duuschtereg.”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu