lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

26. Sonndeg am Joereskrees B

Mk 9,38-43.45.47-48

38 De Johannes, ee vun deenen Zwielef, sot zum Jesus: “Meeschter, mir hunn ee gesinn, deen amgaang war, Dämonen an dengem Numm auszedreiwen, a mir wollten hien dorun hënneren, well hien sech äis net ugeschloss huet.”

39 De Jesus awer sot: "Hënnert hien net drun! Et gëtt nämlech keen, deen e Wonner a mengem Numm wierkt a mech gläich drop erofmaache kéint.

40 Wien nämlech net géint äis ass, deen ass fir äis.

41 Wien iech e Becher Waasser ze drénke gëtt, well dir zu Christus gehéiert, amen, ech soen iech, dee kënnt net ëm säi Loun.

42 Wien awer ee vun deene Klengen, déi u mech gleewen, zum Béise verféiert, fir dee wär et besser, wann hien e Muelsteen ëm den Hals gehaang krit an dann an d’Mier gehäit géif.

43 Wann deng Hand dech zum Béise verféiert, dann ha se erof! Et ass besser fir dech, krëppleg eranzegoen an d’Liewen, wéi mat zwou Hänn fortzegoen an d’Häll, an d’Feier, dat ni ausgeet.

45 A wann däi Fouss dech zum Béise verféiert, dann ha en erof! Et ass besser fir dech, schlamm eranzegoen an d’Liewen, wéi mat zwéi Féiss an d’Häll gehäit ze ginn.

47 A wann däin A dech zum Béise verféiert, da rapp et eraus! Et ass besser fir dech, schiel eranzegoen an dem Herrgott säi Räich, wéi mat zwee Aen an d’Häll gehäit ze ginn,

48 wou hire Wuerm net stierft an d’Feier net ausgeet."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu