lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

3. Adventssonndeg B

Joh 1,6-8.19-28

6 Do war e Mënsch, dee vum Herrgott geschéckt gouf; hien huet Johannes geheescht.

7 Hie koum als Zeien, fir Zeegnes vum Liicht ze ginn, fir datt se all duerch hie gleewe sollten.

8 Hie selwer war net d’Liicht, ma hie sollt Zeegnes vum Liicht ginn.

19 Dat hei ass d’Zeegnes, dat de Johannes ginn huet, wéi d’Judde vu Jerusalem Priister a Levite bei hie geschéckt hunn, fir hien ze froen: “Wie bass du?”

20 Hien huet bekannt an et net geleegent, an zwar huet hie bekannt: “Ech sinn net de Christus.”

21 Dunn hunn si hie gefrot: “Wat dann? Bass du den Elias?” Hie sot: “Neen, dee sinn ech net.” “Bass du de Prophéit?” Hien huet geäntwert: “Neen.”

22 Deropshi soten si zu him: “Wie bass du dann? Mir mussen deenen, déi äis geschéckt hunn, eng Äntwert ginn. Wat sees du vun dir selwer?”

23 De Johannes sot: “Ech sinn eng Stëmm, déi an der Wüüst rifft: Maacht dem Här säi Wee grued, esou wéi de Prophéit Isaias gesot huet.”

24 Et waren och Pharisäer dohi geschéckt ginn.

25 Si hunn hie gefrot: “Firwat deefs du dann, wann s du weder de Christus nach den Elias nach de Prophéit bass?”

26 Dunn huet de Johannes hinne geäntwert: "Ech deefe mat Waasser, ma matzen ënner iech steet een, deen dir net kennt.

27 Et ass hien, deen no mir kënnt. Ech sinn et net wäert, him seng Schongstréckele lasszemaachen."

28 Dat hei ass a Bethanien geschitt, déisäit vum Jordan, wou de Johannes gedeeft huet.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu