lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

Pällemsonndeg B

Mk 11,1-10 + Mk 14,1-15,47

Pällemweih

1 Et war e puer Deeg virum Pessach-Fest. Wéi si an d’Géigend vu Jerusalem koumen, op Bethphagee an op Bethanien zou, bei den Olivebierg, huet de Jesus der zwéi vun senge Jünger virgeschéckt

2 a sot zu hinnen: "Gitt an d’Duerf, dat vis-à-vis vun iech läit! Esoubal dir an d’Duerf erakommt, fannt dir en Ieselsfillen, dat ugestréckt ass an op deem nach ni e Mënsch souz. Maacht et lass a bréngt et heihin!

3 A wann een zu iech seet: ’Wat maacht dir do?’, dann äntwert: ’Den Här brauch et, an hie schéckt et gläich nees heihin zréck.’"

4 Si hunn sech op de Wee gemaach an si hunn d’Fille fonnt, dat bei enger Dier baussen op der Strooss ugestréckt war, an si hunn et lassgemaach.

5 E puer vun deenen, déi do stoungen, soten zu hinnen: “Wat maacht dir do? Firwat maacht dir dat Fille lass?”

6 Si hunn hinnen esou geäntwert, wéi de Jesus hinne gesot hat, an dunn hunn déi aner si gewäerde gelooss.

7 Si hunn d’Fille bei de Jesus bruecht. Nodeems si dem Fillen hir Kleeder op de Réck gehäit haten, huet de Jesus sech op et gesat.

8 Vill hunn der hir Kleeder op dem Wee ausgebreet, anerer och Traisch, déi si op de Felder ofgeschnidden haten.

9 Déi, déi virgaang sinn, an déi, déi nokomm sinn, hu geruff: "Hosanna! Geseent sief deen, deen am Här sengem Numm kënnt!

10 Geseent sief eisem Papp David säi Räich, dat kënnt! Hosanna héich do uewen! "

Mass

1 Et war zwéin Deeg virum Pessach-Fest a virun der Woch vum Matesbrout. D’Hohepriister an d’Schrëftgeléiert hu gesicht, wéi si de Jesus mat Hannerlëscht an hir Gewalt kréien an doutmaache kéinten.

2 Si hunn sech nämlech gesot: “Nëmmen net um Fest, fir datt et keng Oprou am Vollek gëtt.”

3 Wéi de Jesus zu Bethanien am Haus vum Simon dem Aussätzege bei Dësch war, koum eng Fra, déi eng Alabasterfläsch mat echtem, deierem Nardenueleg bei sech hat. Si huet d’Fläsch opgebrach an dem Jesus den Ueleg iwwer de Kapp geschott.

4 Du goufen der en etlech ongehalen an hunn zuenee gesot: "Firwat deen Ueleg esou verbëtzen?

5 Et hätt een e kënne fir méi ewéi 300 Sëlwermënze verkafen an d’Suen deenen Aarme ginn!" An si hunn hir dowéinst Virwërf gemaach.

6 De Jesus awer sot: "Loosst si! Firwat bréngt dir si a Verleeënheet? Si huet e gutt Wierk fir mech gemaach.

7 Déi Aarm hutt dir jo ëmmer bei iech, a wann dir wëllt, kënnt dir hinne Gutts doen; mech awer hutt dir net ëmmer bei iech.

8 Dat, wat si maache konnt, huet si gemaach: Si huet am Viraus mäi Läif fir d’Begriefnes gesaleft.

9 Amen, ech soen iech: Wou och ëmmer op der ganzer Welt d’Evangelium verkënnegt gëtt, do gëtt erzielt, wat si gemaach huet, an et gëtt un si geduecht."

10 De Judas Iskarioth, ee vun den Zwielef, ass fortgaang bei d’Hohepriister, fir hinnen de Jesus auszeliwweren.

11 Wéi d’Hohepriister dat héieren hunn, hunn si sech gefreet a versprach, him Suen derfir ze ginn. Dunn huet hien no engem gënschtegen Ament gesicht, wou hien de Jesus ausliwwere kéint.

12 Deen éischten Dag an der Woch vum Matesbrout, wou d’Pessach-Lamm geschluecht gouf, soten dem Jesus seng Jünger zu him: “Wuer solle mir higoen, fir d’Pessach-Iesse fir dech virzebereeden?”

13 Dunn huet hien der zwéi vun hinne virgeschéckt a gesot: "Gitt an d’Stad. Do kënnt een iech entgéint, deen en äerde Krou mat Waasser dréit. Gitt him no,

14 an do, wou hien erageet, sot zum Haushär: ’De Meeschter léisst dir soen: Wou ass mäi Sall, an deem ech d’Pessach mat menge Jünger iesse soll?’

15 Hie weist iech dann e grousst Zëmmer uewenop, dat prett ass, mat Këssen ausgeluecht. Bereet äis et do vir!"

16 D’Jünger si fortgaang a koumen an d’Stad. Si hunn alles esou fonnt, wéi hien hinnen et gesot hat, an si hunn d’Pessach-Iesse virbereet.

17 Owes ass de Jesus mat deenen Zwielef komm.

18 Wéi si um Dësch waren a giess hunn, sot hien: “Amen, ech soen iech: Ee vun iech, deen elo amgaang ass, mat mir z’iessen, liwwert mech herno aus.”

19 Si hunn ugefaang, verdrësserlech ze ginn, an hunn hien een nom anere gefrot: “Ech dach net?”

20 Hien awer huet hinne geäntwert: "Et ass ee vun iech Zwielef, een, dee mat mir an déiselwecht Schossel zappt.

21 De Mënschejong muss wuel säi Wee goen, esou wéi et iwwer hie geschriwwe steet. Gare awer deemjéinege senger, duerch deen de Mënschejong ausgeliwwert gëtt! Et wär besser fir dee Mënsch, wann hien ni op d’Welt komm wär.“22 Iwwerdeems si giess hunn, huet de Jesus Brout geholl an den Herrgott gelueft; hien huet et gebrach, hinnen et ginn a gesot:”Huelt! Dat hei ass mäi Läif."

23 Dunn huet hien e Kielech geholl an dem Herrgott merci gesot; hien huet hinnen e ginn, an si hunn alleguer draus gedronk.

24 An hie sot zu hinnen: "Dat hei ass mäi Blutt, d’Blutt vum Bond, dat fir der vill vergoss gëtt.

25 Amen, ech soen iech: Ech drénke ganz sécher net méi vum Drauwestack senger Fruucht bis deen Dag, wou ech am Herrgott sengem Räich op en Neis dervun drénken."

26 Nodeems si d’Luefpsalme gesong haten, sinn si erausgaang, op den Olivebierg.

27 De Jesus sot zu hinnen: "Dir huelt alleguer Ustouss u mir, well et steet geschriwwen: Ech erschloen den Hiert, an d’Schof ginn auseneegejot.

28 Ma nodeems ech aus dem Doud erwächt gi sinn, ginn ech iech viraus a Galiläa.”

29 De Péitrus awer sot zu him: "A wann se och alleguer Ustouss un dir huelen – ech net!”

30 Du sot de Jesus zu him: "Amen, ech soen dir: Hënt, an dëser Nuecht, nach éier den Hunn zweemol kréit, hues du mech dräimol verleegent.”

31 Ma de Péitrus huet sech drop behaapt: “Esouguer wann ech mat dir stierwe misst – ech verleegnen dech net!” Datselwecht hunn och all déi aner gesot.

32 Du sinn si op eng Plaz gaang, déi Gethsemani heescht, an do sot de Jesus zu senge Jünger: “Sëtzt iech hier, iwwerdeems wou ech biede ginn!”

33 Hien huet de Péitrus, de Jakobus an de Johannes matgeholl. Dunn huet hien ugefaang ze fäerten an onroueg ze ginn,

34 an hie sot zu hinnen: “Meng Séil ass esou doudtraureg. Bleift hei a waacht!”

35 Hien ass e Stéck méi wäit gaang, huet sech op de Buedem gehäit an huet gebiet, datt déi Stonn wa méiglech un him erlaanscht goe sollt.

36 Hie sot: “Abba, Papp, fir dech ass alles méiglech: Huel dëse Kielech dach vu mir ewech! Et soll awer net dat geschéien, wat ech gär hätt, ma dat, wat s du wëlls.”

37 Wéi hie bei si hannescht komm ass, waren si amgaang ze schlofen. Du sot hien zum Péitrus: "Simon, schléifs du? Waars du net emol amstand, eng eenzeg Stonn ze waachen?

38 Waacht a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot! De Geescht ass zwar wëlleg, ma d’Fleesch ass schwaach."

39 Hien ass nees fortgaang an huet mat deene selwechte Wierder gebiet.

40 Wéi hien op en Neis bei si hannescht komm ass, waren si erëm amgaang ze schlofen: D’Ae waren hinnen zougefall. Si woussten net, wat si him äntwere sollten.

41 A wéi hie fir d’drëtt koum, sot hien zu hinnen: "Schlooft roueg weider a rascht! – Et geet elo duer! D’Stonn ass do. Kuckt, de Mënschejong gëtt elo an d’Hänn vu Sënner ausgeliwwert.

42 Stitt op, loosse mer goen! Kuckt, deen, dee mech ausliwwert, kënnt."

43 Hie war nach amgaang ze schwätzen, wéi de Judas, ee vun deenen Zwielef, dohikomm ass, a mat him e ganze Koup Leit mat Schwäerter a Knëppelen – si ware vun den Hohepriister, de Schrëftgeléierten an deenen Eelste geschéckt ginn.

44 Deen, deen de Jesus ausliwwere sollt, hat mat hinnen en Zeechen ofgemaach a gesot : “Deen, deem ech e Kuss ginn, ass et. Huelt hien, féiert hien of a bewaacht hie gutt!”

45 Hien ass elo direkt op de Jesus duergaang a sot: “Rabbi!”, an hien huet him e Kuss ginn.

46 Dunn hunn déi aner Hand un de Jesus geluecht an hie festgeholl.

47 Ee vun deenen awer, déi derbäistoungen, huet d’Schwäert gezunn, ass dermat op dem Hohepriister säi Kniecht lassgaang an huet him d’Ouer erofgeha.

48 Du sot de Jesus zu hinnen: "Wéi géint e Raiber sidd dir mat Schwäerter a Knëppele lassgezunn, fir mech ze verhaften?

49 Dag fir Dag war ech bei iech am Tempel an hunn iech geléiert, an dir hutt mech net festgeholl. Ma dat war, fir datt d’Schrëften an Erfëllung goe sollten."

50 Dunn hunn d’Jünger hien am Stéch gelooss a sinn alleguer fortgelaf.

51 Just ee jonke Mënsch, deen nëmmen e léngen Duch ëm sech geschloen hat, wollt him nogoen. D’Leit hunn hien ugehal,

52 ma hien huet d’léngen Duch fale gelooss an ass plakeg fortgelaf.

53 Dunn hunn si de Jesus ofgefouert bei den Hohepriister. Alleguer d’Hohepriister, déi Eelst an d’Schrëftgeléiert sinn do zesummekomm.

54 De Péitrus ass dem Jesus vu wäitem bis an den Haff vum Hohepriister sengem Haus nogaang. Do huet hien sech bei d’Dénger gesat an sech um Feier gewiermt.

55 D’Hohepriister an de ganze Sanhedrin hunn Zeienaussoe géint de Jesus gesicht, fir hien doutmaachen ze kënnen, ma si hu keng fonnt.

56 Vill hunn der nämlech falsch géint hien ausgesot, ma hir Aussoen hunn net iwwereneegestëmmt.

57 Du sinn e puer anerer opgestan an hunn och falsch géint hien ausgesot; si hu behaapt:

58 “Mir hunn héieren, wéi hie gesot huet: ’Ech rappen dësen Tempel of, dee vu Mënschenhand gebaut ass, an an dräi Deeg riichten ech en aneren op, deen net vu Mënschenhand gebaut ass.’”

59 Ma och do hunn d’Zeienaussoen net iwwereneegestëmmt.

60 Dunn ass den Hohepriister opgestan, huet sech an d’Mëtt gestallt an huet de Jesus gefrot: “Äntwers du näischt op dat, wat si géint dech aussoen?”

61 De Jesus awer huet de Mond net opgedoen, hien huet iwwerhaapt näischt geäntwert. Op en Neis huet den Hohepriister hie gefrot: “Bass du de Messias, de Jong vun deem, deen héichgelueft sief?”

62 Du sot de Jesus: “Ech sinn et! An et kënnt eng Kéier den Dag, wou dir de Mënschejong op där rietser Säit vun deem staarke Gott sëtzen a mat de Wolleke vum Himmel komme gesitt!”

63 Dunn huet den Hohepriister seng Kleeder zerrass a sot: "Wat brauche mir elo nach Zeien?!

64 Dir hutt d’Gotteslästerung selwer héieren. Wat sot dir derzou?" Alleguer hunn si de Jesus veruerteelt a gesot, hien hätt den Doud verdéngt.

65 En etlecher hunn ugefaang, op hien ze späizen, him d’Aen ze verbannen, hien ze schloen an zu him ze soen: “Dajee, weis, datt s du e Prophéit bass!” Och d’Dénger hunn him mat Streech opgewaart.

66 Iwwerdeems de Péitrus ënnen am Haff war, koum eng vum Hohepriister senge Meed.

67 Wéi si de Péitrus gesinn huet, deen amgaang war, sech ze wiermen, huet si sech hie gutt ugekuckt a sot: “Och du waars mat deem vun Nazareth zesummen, deem Jesus do!”

68 Ma hien huet et geleegent a sot: “Ech weess net an ech verstinn och net, vu wat s du do schwätz!” Dueropshin ass hien erausgaang an de Virhaff. Dunn huet en Hunn gekréit.

69 D’Mod, déi hien erkannt hat, huet elo ugefaang, zu deene ronderëm ze soen: “Dach, deen doten ass ee vun hinnen!”

70 Op en Neis huet de Péitrus et geleegent. E bëssche méi spéit hunn déi, déi ronderëm stoungen, zu him gesot: “Et ass wouer, du bass ee vun hinnen; du bass dach och e Galiläer!”

71 Hien awer huet ugefaang mat Fluchen an huet geschwuer: “Ech kennen dee Mënsch net, vun deem dir do schwätzt!”

72 Am selwechten Ament huet den Hunn fir d’zweet gekréit. Dunn huet de Péitrus sech un dat erënnert, wat de Jesus zu him gesot hat: “Nach éier den Hunn zweemol kréit, hues du mech dräimol verleegent.” An hien huet ugefaang ze kräischen.

1 Gläich muerges fréi, nodeems d’Hohepriister mat deenen Eelsten, de Schrëftgeléierten an dem ganze Sanhedrin hir Decisioun geholl haten, hunn si de Jesus gebonnen, hien offéiere gelooss an hien un de Pilatus ausgeliwwert.

2 De Pilatus huet de Jesus gefrot: “Bass du de Kinnek vun de Judden?” De Jesus huet him geäntwert: “Du sees et.”

3 Dunn hunn d’Hohepriister de Jesus wéinst enger ganzer Rei Saachen ugeklot.

4 De Pilatus huet hien nees gefrot: “Äntwers du näischt? Kuck, wéinst wat si dech alles ukloen!”

5 De Jesus awer huet näischt méi geäntwert, esou datt de Pilatus al verwonnert war.

6 Fir d’Fest huet de Pilatus de Leit gewéinlech e Gefaangene fräiginn – een, deen si sech froe konnten.

7 Deemools souz e Mann am Prisong, dee Barabbas geheescht huet, zesumme mat anere Rebellen, déi bei enger Rebellioun een ëmbruecht haten.

8 Déi vill Leit, déi do waren, si bei de Pilatus eropkomm an hunn dat verlaangt, wat hien hinne gewéinlech ginn huet.

9 Hien huet si gefrot: “Wëllt dir, datt ech iech de Kinnek vun de Judde fräiginn?”

10 Hien hat nämlech an Uecht geholl, datt d’Hohepriister him de Jesus nëmmen aus Näid ausgeliwwert haten.

11 Ma d’Hohepriister hunn d’Leit opgestëppelt, datt de Pilatus hinnen éischter de Barabbas sollt fräiginn.

12 De Pilatus huet si nees gefrot: “Wat soll ech da mat deem maachen, deen dir de Kinnek vun de Judden nennt?”

13 Si awer hu gejaut: “Looss hie kräizegen!”

14 Du sot de Pilatus zu hinnen: “Wat huet hien da Schlechtes gemaach?” Ma si hunn nach méi haart gejaut: “Looss hie kräizegen!”

15 Fir de Leit entgéintzekommen, huet de Pilatus hinnen de Barabbas fräiginn. Nodeems hien de Jesus gäissele gelooss hat, huet hien den Uerder ginn, hien ze kräizegen.

16 D’Zaldoten hunn de Jesus an den Haff, de sougenannte Prätorium, gefouert an déi ganz Kohort zesummegeruff.

17 Si hunn him e purpurroude Mantel ugedoen an him eng Därekroun opgesat, déi si gebonnen haten.

18 Dunn hunn si ugefaang, hien ze gréissen: “Vive de Kinnek vun de Judden!”

19 An si hunn hie mat engem Bengel op de Kapp geschloen an op hie gespaut; duerno hunn si sech geknéit an sech virun him niddergeworf.

20 Nodeems si esou de Spott mat him gedriwwen haten, hunn si him de purpurroude Mantel ausgedoen an him seng eege Kleeder nees ugedoen. Dunn hunn si hien erausgefouert, fir hien ze kräizegen.

21 Si hunn e gewësse Simon vun Zyrene, dem Alexander an dem Rufus hire Papp, dee grad vum Feld koum, gezwongen, dem Jesus säi Kräiz ze droen.

22 An si hunn de Jesus op déi Plaz bruecht, déi Golgotha genannt gëtt, dat heescht iwwersat: Plaz vum Doudekapp.

23 Do hunn si him Wäi gi mat Myrrhe dran, ma hien huet en net geholl.

24 Duerno hunn si de Jesus gekräizegt. An si hunn seng Kleeder opgedeelt, andeems si d’Lous gezunn hunn , fir ze wëssen, wie wat krit.

25 Et war déi drëtt Stonn, wéi si hie gekräizegt hunn.

26 Säi Verbrieche war op engem Schëld festgehal: De Kinnek vun de Judden.

27 Mat him hunn si zwéi Raiber gekräizegt, een op senger rietser an een op senger lénkser Säit.

28

29 Déi, déi laanschtgoungen, hunn hie gelästert; si hunn de Kapp gerëselt a soten: "He du, deen s du den Tempel ofrapps an en an dräi Deeg nees opbaus,

30 rett dech selwer a klamm vum Kräiz erof!”

31 Op déiselwecht Manéier hunn och d’Hohepriister an d’Schrëftgeléiert de Spott mat him gedriwwen an zuenee gesot: "Anerer huet hie gerett, sech selwer kann hien net retten!

32 De Messias, de Kinnek vun Israel, hie soll elo vum Kräiz erofklammen, fir datt mir gesinn a gleewen!" Och déi, déi mat him gekräizegt gi waren, hunn him Frechheete gemaach.

33 Wéi déi sechst Stonn koum, gouf et am ganze Land däischter – bis déi néngt Stonn.

34 An déi néngt Stonn huet de Jesus haart geruff: “Eloï, Eloï, lema sabachthani?” Dat heescht iwwersat: “Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?”

35 E puer vun deenen, déi derbäistoungen an et héieren hunn, soten: “Kuckt, hie rifft den Elias!”

36 Dunn ass een dohigelaf, huet e Schwamp an Esseg gezappt an en op e Bengel gestach. Hien huet dem Jesus ze drénke ginn a sot: “Loosst gewäerden! Mir kucken emol, ob den Elias kënnt, fir hien erofzehuelen.”

37 De Jesus awer huet en haarde Kreesch gedoen an ass verscheet.

38 Dunn ass de Riddo vum Tempel an zwee gerass, vun uewe bis ënnen.

39 Wéi de Centurio, dee vis-à-vis vum Jesus stoung, hien esou stierwe gesinn huet, sot hien: “Dee Mënsch do war wierklech dem Herrgott säi Jong!”

40 Et waren och Fraen do, déi vu wäitem nogekuckt hunn, ënner hinnen d’Maria vu Magdala, d’Maria, dem Jakobus deem Klengen an dem Joses hir Mamm, an d’Salome

41 – si waren dem Jesus nogaang an haten him gedéngt, wéi hien nach a Galiläa war. Et waren och nach vill anerer do, déi mat him op Jerusalem eropkomm waren.

42 Herno, géint der Owend, a well et de Virbereedungsdag, den Dag virum Sabbat war,

43 huet de Jouseph vun Arimathäa, e ugesinnene Member vum Sanhedrin, deen och op dem Herrgott säi Räich gewaart huet, et gewot, bei de Pilatus ze goen an dem Jesus seng Läich ze froen.

44 De Pilatus war verwonnert, datt de Jesus schon dout si sollt. Hien huet de Centurio komme gelooss an hie gefrot, ob de Jesus scho laang dout wär,

45 a wéi hie vum Centurio doriwwer Bescheed kritt hat, huet hien dem Jouseph deen Doudegen iwwerlooss.

46 De Jouseph huet e léngen Duch kaaft, de Jesus vum Kräiz erofgeholl an hien an d’Duch agewéckelt. Dunn huet hien de Jesus an e Graf geluecht, dat aus engem Fiels erausgeha war, an huet e Stee virun den Agank vum Graf gerullt.

47 D’Maria vu Magdala an d’Maria, dem Joses seng Mamm, awer hunn uechtgedoen, wouhinner de Jesus geluecht ginn ass.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu