lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

10. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 7,11-17

11 De Jesus ass an eng Stad gaang, déi Nain heescht, an seng Jünger an eng Onmass Leit si mat him gaang.

12 Wéi hie bei d’Paart vun der Stad koum, gouf grad en Doudegen erausgedroen. Et war deen eenzege Jong vun senger Mamm, déi och nach Witfra war. Eng Häerd Leit aus der Stad ware bei hir.

13 Wéi den Här si gesinn huet, huet et him am Häerz wéigedoen, an hie sot zu hir: “Kräisch net!”

14 Hien ass bei d’Bor getratt an huet se beréiert. D’Dréier si stoe bliwwen, an hie sot: “Jonke Mënsch, ech soen dir: Gëff waakreg!”

15 Deen Doudegen huet sech opgesat an huet ugefaang ze schwätzen. Dunn huet de Jesus hien senger Mamm hanneschtginn.

16 All déi, déi ronderëm stoungen, hunn et mat der Angscht ze doe kritt, an si hunn den Herrgott gelueft a soten: “E grousse Prophéit ass matzen ënner äis opgetratt!” an: “Den Herrgott ass bei säi Vollek komm!”

17 An et ass a ganz Judäa an an der ganzer Ëmgéigend iwwer de Jesus geschwat ginn.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu