lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

11. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 7,36-8,3

36 Ee vun de Pharisäer huet de Jesus gefrot, ob hie mat him iesse kéim, an de Jesus ass an dem Pharisäer säin Haus eragaang an huet sech bei Dësch niddergelooss.

37 An där Stad gouf et eng Fra, déi als Sënnerin bekannt war. Wéi si gewuer ginn ass, datt de Jesus an dem Pharisäer sengem Haus bei Dësch war, huet si eng Alabasterfläsch mat parfüméiertem Ueleg mat dohinner geholl.

38 Si ass vun hanne bei de Jesus getratt an huet ugefaang mat Kräischen. Mat hiren Tréinen huet si seng Féiss naass gemaach, a mat hiren Hoer huet si se ofgedréchent. Dunn huet si seng Féiss gekësst an se mat dem Ueleg gesaleft.

39 Wéi de Pharisäer, deen de Jesus op d’Iesse geruff hat, dat gesinn huet, sot hien sech: “Wann hien e Prophéit wär, da wéisst hien, wat dat fir eng Fra ass, déi hien upaakt: Si ass dach eng Sënnerin!”

40 De Jesus huet him geäntwert: “Simon, ech hunn dir eppes ze soen.” De Simon sot: “Meeschter, so et!”

41 "Zwee Leit stounge bei engem an der Schold, dee Sue verléint; deen ee war him 500 Sëlwermënze schëlleg, deen aneren der 50.

42 Well si d’Suen net zréckbezuele konnten, huet hien deene béiden hir Schold nogelooss. Wie vun deenen zwee ass elo méi frou mat him?’

43 De Simon huet geäntwert: “Ech huelen un, datt et deen ass, deem hien am meeschten nogelooss huet.” De Jesus sot zu him: “Dat hues du richteg gesinn.”

44 Hien huet sech bei d’Fra gedréit a sot zum Simon: "Gesäis du déi Fra hei? Ech sinn an däin Haus erakomm, an du hues mir kee Waasser fir d’Féiss ginn; si awer huet meng Féiss mat hiren Tréinen naass gemaach an se mat hiren Hoer ofgedréchent.

45 Du hues mir kee Kuss ginn; si awer huet zënter datt ech erakomm sinn net opgehal, meng Féiss ze këssen.

46 Du hues mir de Kapp net mat Ueleg gesaleft; si awer huet meng Féiss mat parfüméiertem Ueleg gesaleft.

47 Duerfir soen ech dir: Hir vill Sënne sinn hir nogelooss, well si vill Léift gewisen huet. Wiem dergéint wéineg nogelooss gëtt, dee weist och wéineg Léift.”

48 Zu der Fra awer sot hien: "Deng Sënne sinn dir nogelooss.”

49 Dunn hunn déi, déi mat um Dësch waren, ugefaang sech ze froen: "Wien ass dat doten, datt hien esouguer Sënnen noléisst?”

50 An de Jesus sot zu der Fra: “Däi Glawen huet dech gerett. Géi a Fridden!”

1 Duerno ass de Jesus vu Stad zu Stad a vun Duerf zu Duerf gezunn; hien huet gepriedegt an déi gutt Noriicht vum Herrgott sengem Räich verkënnegt. Déi Zwielef ware bei him,

2 grad ewéi en etlech Fraen, déi vu béise Geeschter a vu Krankheete geheelt gi waren, d’Maria, déi Magdalena genannt gouf an aus där siwen Dämonen erausgefuer waren,

3 d’Johanna, dem Chuzas, engem Verwalter vum Herodes, seng Fra, d’Susanna an nach vill anerer, déi hinne gedéngt hu mat deem, wat si haten.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu