lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

12. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 9,18-24

18 Wéi de Jesus amgaang war, eleng ze bieden, hunn d’Jünger sech ëm hie versammelt, an hien huet si gefrot: “Fir wien halen d’Leit mech?”

19 Si hu geäntwert: “Déi eng fir de Johannes den Deefer, anerer fir den Elias, nees anerer fir ee vun deenen ale Prophéiten, deen operstane wär.”

20 Dunn huet hien si gefrot: “An dir, fir wien haalt dir mech?” De Péitrus huet geäntwert: “Fir dem Herrgott säi Gesaleften, de Christus!”

21 Hien awer huet hinne gedreet an huet hinnen un d’Häerz geluecht, kengem et ze soen.

22 An hien ass virugefuer: “De Mënschejong muss villes erleiden, hie gëtt vun deenen Eelsten, den Hohepriister an de Schrëftgeléierte verstouss, hie gëtt doutgemaach, an den drëtten Dag gëtt hien aus dem Doud erwächt.”

23 Zu hinnen all sot hien: "Wann ee mir nokomme wëllt, da soll deen sech selwer verleegnen, hie soll all Dag op en Neis säi Kräiz op sech huelen a mir nokommen!

24 Well deen, deen säi Liewe rette wëllt, dee verléiert et; wien awer wéinst menger säi Liewe verléiert, dee rett et."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu