lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

19. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 12,32-48

32 De Jesus sot zu senge Jünger: "Fäert net, du klengen Trapp! Äre Papp huet et nämlech fir gutt fonnt, iech d’Räich ze ginn!

33 Verkaaft äre Besëtz a gitt Almosen! Maacht iech Geldbeidelen, déi net zerschläissen, schaaft iech e Schaz am Himmel, deen net ofhëlt, un dee keen Déif drukënnt an deen net vu Matte gefriess gëtt!

34 Well do, wou äre Schaz ass, do ass och äert Häerz.

35 Kuckt, datt dir fäerdeg ugedoe sidd an datt är Luuchte brennen!

36 Dir sollt sinn ewéi Leit, déi op hiren Här waarden, dee vun enger Hochzäit zréckkomme soll, fir datt si him gläich opmaache kënnen, wann hie kënnt a klappt.

37 Glécklech sinn déi Dénger, déi den Här waakreg fënnt, wann hien heemkënnt! Amen, ech soen iech: Hien deet e Schiertech un a léisst si um Dësch Plaz huelen; da geet hien hin a bedéngt si.

38 A wann hien an där zweeter oder an där drëtter Nuetswuecht kënnt an si esou fënnt – glécklech sinn si!

39 Verhaalt iech dat hei: Wann den Haushär wéisst, a wat fir enger Stonn den Déif kënnt, da géif hien net zouloossen, datt an säin Haus agebrach gëtt.

40 Haalt och dir iech prett, well de Mënschejong kënnt zu enger Stonn, wou dir net drop gefaasst sidd!”

41 Du sot de Péitrus: "Här, erziels du dat Gläichnes nëmme fir äis oder fir d’Leit alleguer?”

42 Den Här huet geäntwert: "Wien ass wuel deen treie Verwalter, dee lous ass, an deen den Här iwwer seng Déngerschaft stellt, fir datt hie mat Zäit d’Iesse verdeelt, dat jiddereen zegutt huet?

43 Glécklech ass deen Dénger, deen domat amgaang ass, wann säin Här kënnt!

44 Wierklech, ech soen iech: Den Här gëtt him säi ganze Besëtz ze verwalten.

45 Wann awer deen Dénger bei sech denkt: ’Mäin Här léisst sech Zäit fir ze kommen!’, an hie fänkt un, d’Kniecht an d’Meed ze schloen, z’iessen an ze drénken an sech eng unzestrécken,

46 da kënnt deem Dénger säin Här op engem Dag, wou hien et net erwaart, an zu enger Stonn, déi hien net kennt, an dann heet hien den Dénger a Stécker an deet hien deenen Ontreien hiert Lous deelen.

47 Deen Dénger, deen sengem Här säi Wëlle kennt an trotzdem näischt esou virbereet oder mécht, wéi säin Här et wëllt, dee kritt vill Streech.

48 Deejéinegen awer, deen dem Här säi Wëllen net kennt an dann eppes mécht, wat Streech verdéngt, dee kritt der wéineg. Wiem vill gi gouf, vun deem gëtt och vill gefuerdert, a wiem vill uvertraut gouf, vun deem gëtt nach méi erëmgefrot."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu