lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

2. Ouschtersonndeg C

Joh 20,19-31

19 Um Owend vun deem éischten Dag vun der Woch, wéi d’Jünger sech aus Angscht virun de Judden hanner zouenen Dieren opgehal hunn, ass de Jesus komm an huet sech an hir Mëtt gestallt. Hie sot zu hinnen: “Fridde sief mat iech!”

20 Nodeems hien dat gesot hat, huet hien hinnen seng Hänn an seng Säit gewisen. D’Jünger hunn sech gefreet, wéi si den Här gesinn hunn.

21 Du sot de Jesus nach eng Kéier zu hinnen: “Fridde sief mat iech! Wéi de Papp mech geschéckt huet, esou schécken ech iech.”

22 Nodeems hien dat gesot hat, huet hien si ugehaucht a sot zu hinnen: "Emfänkt hellege Geescht!

23 Wiem dir d’Sënnen noloosst, deem sinn se nogelooss; wiem dir se net noloosst, deem sinn se net nogelooss."

24 Den Thomas, ee vun deenen Zwielef, deen Zwilling genannt gouf, war net bei hinnen, wéi de Jesus komm ass.

25 Déi aner Jünger soten zu him: “Mir hunn den Här gesinn!” Hien awer sot zu hinnen: “Wann ech net un sengen Hänn d’Wonn vun den Neel gesinn, a wann ech net mäi Fanger an d’Wonn vun den Neel leeë kann, a wann ech net meng Hand an seng Säit leeë kann, da gleewen ech net!”

26 Aacht Deeg drop waren d’Jünger nees dobannen zesummen, an den Thomas war bei hinnen. Obschonns d’Dieren zougespaart waren, ass de Jesus komm, huet sech an hir Mëtt gestallt a sot: “Fridde sief mat iech!”

27 Du sot hien zum Thomas: “Komm hier mat dengem Fanger, kuck meng Hänn; komm hier mat denger Hand, lee se a meng Säit – a sief net méi ongleeweg, ma gleeweg!”

28 Den Thomas huet him geäntwert: “Mäin Här a mäi Gott!”

29 De Jesus sot zu him: “Well s du mech gesinn hues, gleefs du. Glécklech déi, déi net gesinn an dach gleewen!”

30 Nach vill aner Zeechen, déi net an dësem Buch opgeschriwwe sinn, huet de Jesus bei senge Jünger zou gemaach.

31 Déi hei awer sinn opgeschriwwen, fir datt dir gleeft, datt de Jesus de Christus ass, dem Herrgott säi Jong, a fir datt dir, wann dir gleeft, d’Liewen hutt an sengem Numm.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu