lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

3. Ouschtersonndeg C

Joh 21,1-19

1 De Jesus huet sech de Jünger beim Séi vun Tiberias op en Neis gewisen, an zwar huet hien sech esou gewisen:

2 De Simon Péitrus, den Thomas, deen Zwilling genannt gouf, den Nathanael vu Kana a Galiläa, dem Zebedäus seng Jongen an nach zwéin anerer vum Jesus senge Jünger ware beieneen.

3 De Simon Péitrus sot zu hinnen: “Ech gi fëschen.” Du soten si zu him: “Mir komme mat dir.” Si sinn erausgaang a sinn an den Naache geklomm. Ma an där Nuecht hunn si näischt gefaang.

4 Wéi et du scho Muerge ginn ass, stoung de Jesus um Uwänner [vum Séi]; d’Jünger woussten awer net, datt et de Jesus war.

5 Du sot de Jesus zu hinnen: “Kanner, hutt dir näischt fir z’iessen?” Si hunn him geäntwert: “Neen.”

6 Hie sot zu hinnen: “Geheit d’Netz op där rietser Säit vum Naachen aus, da fänkt dir eppes!” Dueropshin hunn si d’Netz ausgehäit, an si hunn et net méi gepackt, fir et eranzezéien, esou vill Fësch waren dran.

7 Du sot dee Jünger, mat deem de Jesus frou war, zum Péitrus: “Et ass den Här!” Wéi de Simon Péitrus héieren huet, datt et den Här war, huet hien sech d’Hiem ëmgebonnen – hie war nämlech plakeg – an huet sech an de Séi gehäit.

8 Déi aner Jünger si mam Naache komm – si sinn net wäit vum Land ewech gewiescht, ongeféier 200 Ielen –, an si hunn d’Netz mat de Fësch nogezunn.

9 Wéi si aus dem Naache geklomm an u Land gaang waren, hunn si um Buedem d’Glous vun engem Holzkuelefeier gesinn, an och Fësch, deen droplouch, a Brout.

10 De Jesus sot zu hinnen: “Bréngt e puer vun deene Fësch, déi dir elo grad gefaang hutt, heihinner!”

11 De Simon Péitrus ass higaang an huet d’Netz u Land gezunn. Et war voller grousser Fësch, 153 Stéck, an obschonns et der esou vill waren, ass d’Netz net gerass.

12 De Jesus sot zu hinnen: “Kommt iessen!” Et war kee vun de Jünger esou kéng fir nozefroen: “Wie bass du?” – si wousste jo, datt et den Här war.

13 Dunn ass de Jesus higaang, huet d’Brout geholl an huet hinnen es ginn, a gradesou de Fësch.

14 Dat hei war schonn déi drëtte Kéier, datt de Jesus sech de Jünger gewisen huet, zënter datt hien aus dem Doud erwächt gi war.

15 Wéi si giess haten, huet de Jesus de Simon Péitrus gefrot: “Simon, Jong vum Johannes, bass du méi frou mat mir wéi si hei?” De Péitrus huet him geäntwert: “Jo, Här, du weess, datt ech dech gär hunn.” De Jesus sot zu him: “Féier meng Lämmer op d’Weed!”

16 Eng zweete Kéier huet de Jesus hie gefrot: “Simon, Jong vum Johannes, bass du frou mat mir?” De Péitrus huet him geäntwert: “Jo, Här, du weess, datt ech dech gär hunn.” De Jesus sot zu him: “Hitt meng Schof!”

17 Eng drëtte Kéier huet de Jesus hie gefrot: “Simon, Jong vum Johannes, hues du mech gär?” De Péitrus ass traureg ginn, datt de Jesus hien eng drëtte Kéier gefrot hat: “Hues du mech gär?”, an hie sot zu him: “Här, du weess alles; du weess och, datt ech dech gär hunn.” Du sot de Jesus zu him: "Féier meng Schof op d’Weed!

18 Amen, amen, ech soen dir: Wéi s du jonk waars, hues du dir selwer e Stréck ëmgebonnen an du bass duer gaang, wuer s du hiwolls. Wann s du awer al gi bass, da strecks du deng Hänn aus, an et ass en aneren, deen dir e Stréck ëmbënnt an dech duer féiert, wuer s du net hiwëlls.”

19 Dëst sot hien, fir unzedeiten, duerch wat fir en Doud de Péitrus den Herrgott verherrleche géif. An nodeems hien dëst gesot hat, sot hien zum Péitrus: “Komm mir no!”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu