lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

31. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 19,1-10

1 De Jesus ass zu Jericho ukomm an ass duerch d’Stad gaang.

2 Do gouf et e Mann, deen Zachäus geheescht huet; hie war den ieweschte Steierandreiwer, an hie war räich.

3 Hien huet probéiert, de Jesus ze gesinn, a wollt kucken, wien dat wär, ma well esou vill Leit do waren, ass et him net gegléckt – hie war nämlech kleng.

4 Dunn ass hie virgelaf an op e Molbierfigebam geklomm, fir de Jesus ze gesinn, well deen do laanschtkomme sollt.

5 Wéi de Jesus op déi Plaz komm ass, huet hien eropgekuckt a sot zu him: “Zachäus, klamm séier erof! Haut muss ech bei dech heemkommen.”

6 Den Zachäus ass séier erofgeklomm an huet de Jesus voll Freed bei sech opgeholl.

7 Dunn hunn all déi, déi dat gesinn hunn, gegrommelt a soten: “Bei engem Sënner ass hien agekéiert!”

8 Den Zachäus awer ass dohigetratt a sot zum Här: “Kuck, Här, d’Halschecht vu mengem Verméige ginn ech deenen Aarmen, a wann ech eppes vun engem erpresst hunn, da ginn ech him et véierfach erëm.”

9 De Jesus sot zu him: "Haut ass fir dëst Haus d’Rettung komm – och hien hei ass jo e Jong vum Abraham.

10 De Mënschejong ass nämlech komm, fir ze sichen an ze retten, wat verluer war."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu