lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

5. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 5,1-11

1 Dat hei ass geschitt, wéi vill Leit sech ëm de Jesus gedréckt hunn, fir dem Herrgott säi Wuert ze lauschteren: De Jesus stoung beim Séi vu Gennesareth,

2 an hien huet zwéin Naache gesinn, déi beim Séi louchen. D’Fëscher waren erausgeklomm an hunn d’Netzer gewäsch.

3 Dunn ass de Jesus an ee vun den Naache geklomm, dem Simon säin, an huet hie gefrot, fir e Stéck erauszefueren. Hien huet sech gesat an huet vum Naachen aus déi vill Leit geléiert.

4 Wéi hie fäerdeg war mat Schwätzen, sot hien zum Simon: “Fuer eraus bis dohinner, wou et déif ass, a loosst är Netzer erof fir ze fëschen!”

5 De Simon huet geäntwert: “Meeschter, déi ganz Nuecht hu mir äis kristillegt, a mir hunn näischt kritt; ma wann s du et sees, da loossen ech d’Netzer erof.”

6 Wéi si dat gemaach hunn, hunn si mat enger Kéier esou eng Onmass Fësch gefaang, datt hir Netzer bal gerass sinn.

7 Si hunn hire Komperen an deem aneren Naachen en Zeeche gemaach, datt si kommen an hinnen eng Hand upake sollten. Déi si komm, an si hunn déi zwéin Naache gefëllt, esou datt dës drop an dru ware fir ënnerzegoen.

8 Wéi de Simon Péitrus dat gesinn huet, ass hie virum Jesus op d’Knéie gefall a sot: “Géi fort vu mir, Här, well ech sinn e Sënner!”

9 Hien an all déi aner, déi bei him waren, waren nämlech erféiert, well si esou vill Fësch beienee gefaang haten.

10 Gradesou ass et dem Jakobus an dem Johannes gaang, dem Zebedäus senge Jongen, déi mat dem Simon zesummegeschafft hunn. Du sot de Jesus zum Simon: “Fäert net! Vun elo u solls du Mënsche fänken!”

11 Nodeems si d’Naachen nees u Land gezunn haten, hunn si alles stoen a leie gelooss a sinn dem Jesus nogaang.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu