lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

6. Ouschtersonndeg C

Joh 14,23-29

23 De Jesus sot zu senge Jünger: "Wann ee mech gär huet, hält hien sech u mäi Wuert. Dann huet mäi Papp hie gär, a mir komme bei hien an huelen eis Wunnecht bei him.

24 Wie mech net gär huet, deen hält sech och net u meng Wierder. Dat Wuert, dat dir héiert, ass awer net mäin eegent Wuert, ma dem Papp säint, dee mech geschéckt huet.

25 Dëst hunn ech iech elo gesot, wou ech nach bei iech sinn.

26 De Bäistand awer, den hellege Geescht, deen de Papp a mengem Numm schéckt, dee léiert iech alles, an hien erënnert iech un alles, wat ech iech gesot hunn.

27 Fridden hannerloossen ech iech, mäi Fridde ginn ech iech. Net wéi d’Welt e gëtt, ginn ech iech en. Äert Häerz soll net onroueg sinn, an et soll net fäerten!

28 Dir hutt héieren, datt ech iech gesot hunn: Ech gi fort, ma ech kommen zréck bei iech. Wann dir mech gär hätt, da géift dir iech freeën, datt ech bei de Papp ginn, well de Papp ass méi grouss ewéi ech.

29 Ech hunn iech et elo gesot, éier et geschitt, fir datt dir deen Ament, wou et geschitt, gleeft."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu