lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

1. Faaschtesonndeg C

Lk 4,1-13

1 Erfëllt vun hellegem Geescht, ass de Jesus vum Jordan zréckkomm, an hien ass vum Geescht an der Wüüst ronderëmgefouert ginn,

2 40 Deeg laang, an deenen hie vum Däiwel op d’Prouf gestallt gouf. All déi Zäit huet hien näischt giess, esou datt hien um Enn hongereg war.

3 Du sot den Däiwel zu him: “Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da so dësem Steen, e soll Brout ginn!”

4 De Jesus huet him geäntwert: “Et steet geschriwwen: De Mënsch lieft net nëmme vu Brout.”

5 Dunn huet den Däiwel hien héich eropgefouert an him an engem an deemselwechten Ament alleguer d’Räicher vun der Welt gewisen,

6 an hie sot zu him: "Dir ginn ech all hir Muecht an Herrlechkeet, well se ass mir iwwerlooss, an ech ginn se, wiem ech wëll.

7 Wann s du also elo viru mir nidderfälls a mech ubiets, da gehéiert dat alles dir!”

8 De Jesus huet him geäntwert: “Et steet geschriwwen: Den Här, däi Gott, solls du ubieden, an him eleng solls du déngen.”

9 Dunn huet den Däiwel hien op Jerusalem gefouert an hien op d’Spëtzt vum Tempel gestallt, an hie sot zu him: "Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da gehei dech vun hei erof!

10 Et steet nämlech geschriwwen: Hie gëtt sengen Engelen den Uerder, dech ze behidden,

11 an: Op den Hänn droen si dech, fir datt s du dir de Fouss net un engem Stee stéiss.”

12 De Jesus huet him geäntwert: "Et ass gesot: Du solls den Här, däi Gott, net op d’Prouf stellen!”

13 Wéi den Däiwel du mat all senge Versuchunge fäerdeg war, huet hien sech vum Jesus ewechgehal, bis et un der Zäit war.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu