lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

2. Sonndeg am Joereskrees C

Joh 2,1-11

1 Zu Kana a Galiläa war eng Hochzäit, an dem Jesus seng Mamm war drop.

2 Och de Jesus an seng Jünger waren op d’Hochzäit geruff ginn.

3 Wéi kee Wäi méi do war, sot dem Jesus seng Mamm zu him: “Si hu kee Wäi méi!”

4 Du sot de Jesus zu hir: “Wat hunn ech mat dir ze doen, Fra? Meng Stonn ass nach net komm.”

5 Seng Mamm sot zu den Dénger: “Maacht dat, wat hien iech seet!”

6 Et stounge sechs stenge Waasserkréi do, wéi d’Judden se fir hir [rituell] Rengegunge geholl hunn. A jidder Krou goungen zwou bis dräi Metreten.

7 De Jesus sot zu den Dénger: “Fëllt d’Kréi mat Waasser!” Dunn hunn si se bis uewenhi gefëllt.

8 Dueropshi sot de Jesus zu hinnen: “Schäfft elo eraus an drot deem et, deen sech ëm d’Iessen an d’Gedrénks këmmert!” Dat hunn si gemaach.

9 Nodeems de Mann, dee fir d’Gedrénks zoustänneg war, d’Waasser geschmaacht hat, dat Wäi gi war – hie wousst net, wou de Wäin hierkoum, ma d’Dénger, déi d’Waasser geschäfft haten, woussten et –, huet hien de Bräitchemann geruff

10 an zu him gesot: “All Mënsch setzt fir d’éischt dee gudde Wäin dohinner, an eréischt herno, wann d’Leit es vëllege gedronk hunn, dee manner gudden. Du awer hues dee gudde Wäi bis elo versuergt!”

11 Dat hei huet de Jesus zu Kana a Galiläa gemaach als Ufank vun sengen Zeechen. Esou huet hien seng Herrlechkeet gewisen, an seng Jünger hunn un hie gegleeft.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu