lb | fr | pt | en |
3. Faaschtesonndeg C
Lk 13,1-9
1 Déi Zäit koumen en etlech Leit bei de Jesus an hunn him vun deene Galiläer erzielt, déi de Pilatus ëmbrénge gelooss hat, iwwerdeems si am Tempel Déiere geaffert haten.
2 Dueropshi sot hien zu hinnen: "Mengt dir, dës Galiläer wäre méi grouss Sënner gewiescht wéi all déi aner Galiläer, well et hinnen esou ergaang ass?
3 Neen, soen ech iech. A wann dir net ëmdenkt, kommt dir alleguer gradesou ëm!
4 Oder déi 18, déi erschloe goufen, wéi de Schiloacher Tuerm op si gefall ass, mengt dir, si wäre méi schëlleg gewiescht wéi all déi aner Leit, déi zu Jerusalem wunnen?
5 Neen, soen ech iech. A wann dir net ëmdenkt, kommt dir alleguer ëm ewéi si!“6 Dunn huet hien dëst Gläichnes erzielt:”Et hat een e Figebam an säi Wéngert gesat, a wéi hie komm ass, fir um Bam no Friichten ze sichen, huet hie keng fonnt.
7 Du sot hien zum Wënzer: ’Kuck, elo kommen ech ewell dräi Joer hier, fir un dësem Figebam no Friichten ze sichen, ma ech fanne keng. Ha en dach nëmmen ëm! Firwat soll en nach weider dem Buedem seng Kraaft huelen?’
8 De Wënzer awer huet him geäntwert: ’Här, looss en nach dëst Joer stoen, fir datt ech ronderëm en opkappen a Mëscht spreeë kann;
9 vläicht dréit en da Friichten. Wann net, dann ha en dat anert Joer ëm!’"