lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

4. Sonndeg am Joereskrees C

Lk 4,21-30

21 De Jesus huet ugefaang, de Leit an der Synagog zu Nazareth z’erklären: “Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft bei iech zou an Erfëllung gaang.”

22 Alleguer hunn si sech iwwer hie belueft. Si ware verwonnert iwwer déi Wierder vu Gnod, déi aus sengem Mond komm sinn, a soten: “Ass dat net dem Jouseph säi Jong?”

23 Du sot hien zu hinnen: “Dir wäert mir sécher elo d’Spréchwuert virhalen: Dokter, heel dech selwer! Mir hu vun all deem héieren, wat zu Kapharnaum geschitt ass; da maach dat och hei an denger Heemecht!”

24 An hie sot: "Amen, ech soen iech: Kee Prophéit gëtt an senger Heemecht gutt opgeholl.

25 Dat, wat ech iech elo soen, ass wouer: Zum Elias senger Zäit gouf et vill Witfraen an Israel, deemools, wéi den Himmel dräi Joer a sechs Méint laang zougespaart war a wéi eng grouss Hongersnout iwwer dat ganzt Land komm war.

26 Den Elias ass awer bei keng vun hinne geschéckt ginn, ma bei eng Witfra op Sarepta bei Sidon.

27 A vill Aussätzeger gouf et an Israel zum Prophéit Elisäus senger Zäit. Et gouf awer kee vun hinne gerengegt, ma de Syrer Naaman."

28 Wéi d’Leit an der Synagog dat héieren hunn, sinn si alleguer rose ginn.

29 Si sinn opgestan an hunn de Jesus aus der Stad erausgejot a bei den Hank vum Bierg gefouert, op deem hir Stad gebaut war, fir hien de Fiels erofzegeheien.

30 Ma de Jesus ass matzen duerch d’Leit senger Wee gaang.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu