lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Äschermëttwoch ABC

Mt 6,1-6.16-18

1 De Jesus sot zu senge Jünger: "Dot uecht, datt dir net är gerecht Wierker bei de Leit zou maacht, fir vun hinne gesinn ze ginn, soss kritt dir kee Loun vun ärem Papp am Himmel!

2 Wann s du also en Almose gëss, dann troter dat net aus, wéi déi Schäinhelleg et an de Synagogen an op de Gaasse maachen, fir vun de Leit geéiert ze ginn! Amen, ech soen iech: Si hunn hire Loun scho kritt.

3 Wann s du en Almose gëss, da soll deng lénks Hand net wëssen, wat deng riets mécht,

4 fir datt däin Almose geheim bleift! Däi Papp, deen och dat gesäit, wat verbuergen ass, belount dech derfir.

5 A wann dir biet, da maacht et net wéi déi Schäinhelleg, déi sech gär an d’Synagogen an op d’Stroossenecke stelle fir ze bieden, an dat fir sech de Leit ze weisen! Amen, ech soen iech: Si hunn hire Loun scho kritt.

6 Wann s du biets, da géi an deng Kummer, maach deng Dier zou a biet zu dengem Papp, deen am Verbuergenen ass! Däi Papp, deen och dat gesäit, wat verbuergen ass, belount dech derfir.

16 Wann dir faascht, da behuelt iech net wéi déi Schäinhelleg, déi däischter drakucken! Si schneiden e Gesiicht, fir de Leit ze weisen, datt si faaschten. Amen, ech soen iech: Si hunn hire Loun scho kritt.

17 Wann s du faaschts, da salef däi Kapp a wäsch däi Gesiicht,

18 fir net de Leit ze weisen, datt s du faaschts, ma nëmmen dengem Papp, deen am Verbuergenen ass! Däi Papp, deen och dat gesäit, wat verbuergen ass, belount dech derfir."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu