lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Gebuert vum Här - Nuecht ABC

Lk 2,1-14

1 Deemools koum en Uerder vum Keeser Augustus eraus, datt d’ganz Welt sech aschreiwe loosse sollt.

2 Dëst war déi éischt Zielung, déi duerchgefouert gouf, wéi de Quirinius Gouverneur vu Syrien war.

3 An alleguer goungen si sech aschreiwe loossen, jiddereen an seng Stad.

4 Och de Jouseph ass aus Galiläa, vun der Stad Nazareth, erop a Judäa gaang, an d’Davidsstad, déi Bethlehem heescht – hie war nämlech aus dem Haus an der Famill vum David –,

5 fir sech aschreiwen ze loosse mat der Maria, déi him versprach war an déi an aneren Ëmstänn war.

6 Wéi si do waren, ass fir d’Maria den Dag komm, wou si nidderkomme sollt,

7 an si huet e Jong kritt, hiren Éischtgebuerenen. Si huet hien a Wëndele gewéckelt an an eng Krëpp geluecht, well am Wiertshaus keng Plaz fir si war.

8 An deemselwechte Streech hunn Hierden um fräie Feld gelieft an nuets bei hirer Häerd Wuecht gehal.

9 Dunn ass dem Här säin Engel op si duerkomm, an dem Här seng Herrlechkeet huet si mat Liicht ëmginn. Eng freeschlech Angscht ass an si gefuer,

10 ma den Engel sot zu hinnen: "Fäert net! Kuckt, ech verkënnegen iech eng grouss Freed, déi fir dat ganzt Vollek bestëmmt ass:

11 Fir iech ass haut an der Davidsstad e Retter op d’Welt komm; hien ass de Christus, den Här.

12 An dat hei ass d’Zeeche fir iech: Dir fannt e Këndchen, dat a Wëndele gewéckelt ass an dat an enger Krëpp läit."

13 An op eemol war bei dem Engel eng grouss himmlesch Arméi [vun Engelen], déi den Herrgott gelueft hunn a soten:

14 “Herrlechkeet dem Herrgott héich do uewenan op der Äerd Fridden de Mënschen, déi an senger Gonscht stinn!”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu