Homepage>Glawen & Pastoral . Foi & Pastorale >Texter a Kommentaren . Textes et commentaires >Kommentar zum Sonntag >Jahr A (2016-2017) >
lb | fr | pt | en |
Jahr A (2016-2017)
13. Abrëll 2017
Karfreideg – oder d’Leidensgeschicht haut…
Gedanke fir Karfreideg
- De Jesus gëtt geschlo a gegäisselt.
Ëmmer erëm ginn och haut nach Kanner, Fraen a Männer geschlo. Et fale Schléi bei brutalen Iwwerfäll, Schléi an d’Gesiicht vun den Aarmen an Ënnerdréckten. Allzegär gäissele Mënschen anere Mënsche mat zynesche Wierder, mat entwiedergenden Demütigungen, duerch systematescht Ausschléissen…
- De Jesus kritt eng Därekroun opgesat.
An eiser Welt sinn et d’Däre vun enger uerger Krankheet, déi stiechen, d’Däre vum Elengsinn, déi wéi dinn, d’Däre vun der Aarbechtslosegkeet, déi lämen, d’Däre vum Net-Verstan-Ginn, déi brennen...
- D’Vollek jäitzt: „Un d’Kräiz mat him!“
D’Vollek jäizt fir manner Aarbechtszäit, fir méi Aarbechtsplazen, fir méi Loun, fir méi Wuelstand, fir Gerechtegkeet... D’Vollek jäizt, fir zu sengem Recht ze kommen.
Vill Mënschen halen de Mond virum Misär, virum Honger, virun der Nout, virun der Gewalt, virum Mëssbrauch vu Kanner, Jonken an Erwuessenen, virun esou vill Onrecht, wat dagdeeglech geschitt, viru muench Ongerechtegkeet.
- De Jesus gëtt un d’Kräiz geschlo.
E Mënsch erleit e schwéiere Schlag duerch eng schlëmm Krankheet, duerch en uergt Accicent, duerch eng perséinlech Enttäuschung, duerch den Doud vun engem léiwe Mënsch – a fillt sech ganz eleng mat sengem Kräiz…
Dem Jesus seng Leidensgeschicht ass mam Karfreideg net ee fir allemol eriwwer. Si geet weider an eiser Zäit, an eiser Welt, méi no bei äis a méi wäit ewech. All Dag op en Neits. Fir Millioune vu Matmënschen!
Monique HERMES
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique