lb | fr | pt | en |
Änner dech, dann ännert d’Welt!
30.10.2016
Lk 19,1-10 Am Evangelium vun dësem Sonndeg dréint sech alles ëm d’Begéinung tëscht dem ieweschte Steierandreiwer Zachäus vu Jericho an dem Jesus. Begéinunge si jo näischt Extraes am Liewe vum Jesus – an och net an eisem Liewen. Well e Liewe besteet aus ganz vill där Begéinungen, déi eng immens Beräicherung duerstelle kënnen.
Awer hei hu mer et mat engem ganz besonneschen Treffen ze dinn. Um Ufank steet emol direkt en immense Kontrast: Ee vun deene räichste Männer vu Jericho klëmmt, well hien net grouss ass, op e Bam, virwëtzeg wéi e klenge Schoulbouf, fir dee Jesus ze gesinn, deen duerch d’Land zitt an deen eegentlech weider näischt unzebidden huet, wéi dem Härgott seng Léift!
An dee Jesus léisst déi vill aner, déi och op Jericho komm waren, fir hien ze gesinn, lénks leien, bekuckt de Steierandreiwer a rifft en erof. Méi nach: Hie seet him, datt e bei hien heemkomme wëllt! Do gëtt also ee vun deenen, déi deemools kee gudden Numm haten, e Steierandreiwer, ganz eendeiteg virgezunn! Ass dat net skandaléis? Datt d’Leit ronderëm knouteren, versteet sech wuel vum selwen! Dat hätte mir och gemaach!
„Klamm séier erof!“, seet de Jesus. Dat ass dat eent. An dat anert ass, datt den Zachäus sech usprieche léisst. An datt deen Zachäus, dee vu sengem Bam erofklëmmt, op eemol e ganz aneren ass, wéi deen, deen eropgeklomm war. Säi Räichtum hat hien onéierlech a blann gemaach an him den Zougank zum Härgott an zum Matmënsch verspaart. Elo erkennt hien op eemol: Et kënnt net op dat un, wat ech hunn, mä op dat, wat ech sinn. An et deet him leed, datt en net ëmmer éierlech war. Dofir wëllt en dat erëm gutt maachen. Den Zachäus ergräift d’Chance, déi de Jesus him bitt, fir seng Vergaangenheet hanner sech ze loossen an nei unzefänken.
Klamm einfach erof a fänk nei un!
An dann och nach dat hei: Dem Jesus seng Léift – dem Härgott seng Zouwendung, gëllt jidderengem, och deem räichen Zachäus, deen net ëmmer alles gutt gemaach huet! Aus dëser Léift eraus kritt den Zachäus eng nei Chance gebueden: Klamm elo erof vun dengem Bam – vum Stolz, vum Besëtze-Wëllen, vun der Muecht – klamm einfach erof, a fänk nei un. Mat mir!
Déi Léift hëlt den Zachäus un an denkt ëm, och wat den Ëmgank mat senge Matmënschen ugeet. Well all echt an déif Begéinung mat Christus bedingt och e Changement am Ëmgank mat eise Matmënschen.
Éierlech: Deen Zachäus do, deen op säi Bam eropklëmmt, deen sech a sengem Egoismus vu Gott a vum Matmënsch isoléiert, dat kënnte mir dach all sinn ... An d’Chance fir erofzeklammen, ëmzekéieren an ëmzedenke gëtt och äis all ëmmer erëm gebueden. Wa mer bereet sinn, se unzehuelen. Wa mer äis ännere wëllen. Et wär wierklech schued, wa mir déi Chance do verpasse géifen!
1980 haten Honnerte vu Lëtzebuerger Jongmeedercher bei enger flotter Roumrees ënner der Leedung vum Mgr. Théophile Walin op Interventioun vum Mgr. Fernand Franck eng beandrockend Privataudienz beim Poopst Jean Paul II. Als Cadeau krut de Pontifex e ganz besonnescht Konschtwierk offréiert, nämlech eng handgemaach véiereckeg „Weltkugel“ aus Keramik. Ganz virsiichteg huet hien dës bosseg Welt mat hire Kontinenter drop ronderëm gedréint an du gesot: „Ce monde carré, il faudra l’arrondir. Et c’est à vous – à chacun et chacune de vous– de le faire!“
Änner dech, dann ännert d’Welt! Net nëmmen dem Zachäus seng! Mä och deng! A meng!
Quell: Luxemburger Wort