lb fr pt en
Jahr A (2019-2020)  
11. Abrëll 2020

Ouschteren – ganz nei Perspektiven

Gedanken vum Monique Hermes

Foto: Monique Hermes
„Erféiert net!
Dir sicht de Jesus vun Nazaret, de Gekräizegten.
Hien ass operstan, hien ass net hei.“ (Mk 16,6)

Dës eemoleg Ausso,
geriicht un dräi Fraen
um alleréischten Ouschtermuergen,
ass eppes Gewalteges.

Si léisst net kal.
Si fuerdert eraus.
Si mécht néi Perspektiven op.
Si weist e Wee.

Ouschteren – hien ass operstan!
Karfreideg ass eriwwer,
D’Däischtert ass gebrach,
et ass Liicht um Enn vum Tunnel.

Hien ass operstan!
Hien huet bewisen,
datt d’Liewe Meeschter gëtt,
datt d’Léift triumphéiert.

Hien ass operstan!
Fir datt mir opootme kënnen.
Fir datt mir eis Angscht iwwerwannen.
Fir datt mir Zukunft woen.

Ouschteren – Hien ass operstan!
E Message, dee versprécht,
e Wee an d’Liicht,
fir dech a fir mech…

Monique Hermes

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu