lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
3. März 2018

Den Tempel raumen

De Kommentar zum Sonndeg vum Fernand Huberty (4.3.2018)

Joh 2,13-25

Wat e Mënsch wierklech wëllt, wat him wichteg ass, weist sech net esou an deem wat e seet, mä vill méi an deem wat e mécht, oder eben net mécht. Bei de Propheten am Alen Testament war dat schonn eng Binsenwahrheit. Entscheedend war fir si, dat wat se gemaach hunn als Zeeche fir déi aner Leit. Sou eng Szen erliewe mer haut, wann de Jesus e Stréck dréit an am Tempel draschléit. Sou war et och mat sengem demonstrativen Iesse mat den Zöllner an de Prostituéierten. Sou war et mat der Beréierung a mam Kuss fir den Aussätzegen. Sou eppes mécht een net, dat war ganz kloer. Datt hien et awer gemaach huet, dat war fir däitlech ze maachen, wat Gott wëllt an net wat d’Mënsche wëllen. Sou ofgestumpft sinn d’Mënschen, oft déi Fromm, datt se bei all hire fromme Spréch vergiesse fir de Wëlle vum Herrgott z’erkennen. Sou muss de Prophet scho schockéieren duerch eng provozéierend Performance fir si aus hirem Kiercheschlof ze erwächen.

Hei kënnt kee Bëschof op d’Idee duerch en Hongerstreik ze demonstréiere géint de Massaker am Burundi oder soss iergendwou. Oder kee Paschtouer verkeeft säin Auto oder seng Heizung wéinst der Ëmweltverschmotzung. Keng Fraegemeinschaft trëtt an de Streik a kee Porrot oder Kiercherot trëtt zréck fir d’Mënscherechtsverletzungen iergendwou an der Welt anzetrieden. Jo, esou guer kee Paschtouer mécht Dienst nach Vorschrift fir drophinn ze weisen, datt de Priistermangel lues a lues katastrophal gëtt. A wien ass scho bereet z’ënnerschreiwen datt hie sech géif dagdeeglech zéng Minutten Zäit huele fir ze bieden? Wie vun eis ass scho bereet z’ënnerschreiwen, datt hien all Woch zur Matfeier vun der Eucharistie net nëmmen do wär, mä och nach aktiv präsent wär? Wie géif schonn ënnerschreiwen, datt Éierlechkeet am Geschäft, vun der éischter bis zur leschter Konsequenz duerchgehale gëtt?

Léif Frënn, mir liewen an enger biergerlecher Mëttelstandskierch a mierken net, datt d’Evangelium vum Reiche Jüngling eppes mat eisen Asylgesetzer, mat eise Sozialgesetzer ze dinn huet. D’Botschaft déi läit ganz oft ganz déif an engem Tiefkühlfach. De Glawe gëtt vu Beamte verwalt, a méiglech esou ausgewogen, sou elegant, datt e jo nëmme kengem wéi deet. Mir kënnen aus fromme Steng e ganz normaalt Haus bauen. Et kann een awer och eng Dauf als Symbol vum Fridden op den Auto pechen, an dann äusserst aggressiv oder rücksichtslos fueren. Et kann ee Gott soen a Geld mengen. An der Bibel heescht dat Götzendienst, d. h. eppes anescht un déi éischt Plaz setzen an da mat fromme Spréch zoudecken, sou wéi beim goldene Kallef an der Wüste. Wann d’Bibel vum Tempel schwätzt dann huet se oft net de Stengentempel vu Jerusalem gemengt, mä d’Gemeinschaft, d’Gemeinschaft vu Jesus oder besser gesot jiddferee vun eis. Dat géif also heeschen, wéi wäit sinn ech bereet e liewege Stee vu menger Gemeinschaft ze sinn? Wéi wäit bréngen ech meng Fäegkeeten a meng Talenter an, fir datt eis Gemeinschaft hei, eis chrëschtlech Gemeinschaft wou och ëmmer, eben net nëmmen eng reliéis Service-Statioun ass, fir Leit déi sech am Fong geholl guer net derfir interesséieren? Wéi wäit dréit meng Passivitéit derzou bäi, datt eis Kierch zu engem lahme Veräin gëtt wou zwar kengem wéigedoe gëtt, mä wou och näischt méi vun deem Feier ze spieren ass, dat Gott am Fong geholl an dëser Welt ugefaangen huet?

D’Tempelreinigung vum Jesus ass eng Gewëssenserfuerschung, net nëmme fir mech als Paschtouer, mä och fir d’Kierch hei zu Lëtzebuerg, fir jiddfer Eenzelen an där Kierch, an dat heescht Bouss maachen, an enger Sprooch vun der Bibel. Also Mooss huele wat wichteg ass an dat wat onwichteg ass, a säi Liewensentworf, seng Wäerter nei organiséieren, nei bewäerte bis an d’Struktur eran. Mir, déi gedeefte Chrëschtenheet, mir, déi festgefuere Strukture mat Poopst, Bëschof, Paschtéier, mir, déi verantwortlech Leit an eise Poren, an eise Gemeinschaften, mir, Leit aus dem Kierchechouer, de Fraen, de Mammen, de Jeunes Mamans, an der Téistuff oder am Familljekrees, an de Guiden oder an de Scouten, wa Jesus haut an eis Kierch kéim, wat géif Hien da maachen?

Source: Luxemburger Wort

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu