lb fr pt en de
Jahr B (2017-2018)  
26. Mai 2018

Zum Fest vun der Dräifaltegkeet

De Kommentar zum Sonndeg vum René Schumacher (27.5.2018)

Mt 28,16-20

Viru gutt 15 Joer huet e grousst Miwwelgeschäft mat deem bekannte Slogan „Wohnst du noch oder lebst du schon?“ Reklam fir seng Produkter gemaach. Haut, um Fest vun der Dräifaltegkeet, géif ech dëse Sproch gären opgräifen an e bësschen ëmänneren: Erklärst du noch oder glaubst du schon? Wann ee mech freet: „Wat oder wien ass dee Gott, un deen’s du gleefs?“, da misst ech him dach u sech äntwerte kënnen: „Kuck mäi Liewen an da weess du wien dee Gott ass, un deen ech gleewen.“ Net all Chrëscht muss a kann e Spezialist si vun theologeschen Erklärungen a Spitzfindegkeeten.

Vom Hellegen Augustinus, deem groussen Denker an Theolog aus dem 4./5. Joerhonnert, gëtt erzielt, dass hien eng Kéier um Strand spadséiere gaangen ass. Dobäi huet hien e Kand beobacht, dat e Lach an de Sand gegruewen hat an duerno behaapt huet, mat engem klenge Läffel, d’Mier an dëst Lach ze schäffen. Wéi den Augustinus dem Kand erkläre wollt, dass et onméiglech wier, dat grousst, onendlecht Mier an esou e klengt Lach ze spären, huet d‘Kand him anscheinend geäntwert: „Genau esou onméiglech ass et och, dass du mat dengem klenge Verstand dat grousst Geheimnis vun der Dräifaltegkeet verstoe kanns.“ An eng ähnlech Richtung geet och eng Ausso vum bekannten engleschen Auteur Graham Greene: „Ech weigere mech un e Gott ze glewen, deen ech verstoe kann.“

D’Kräizzeechen, dat mir Chrëschten um Ufank an zum Schluss vun engem Gottesdéngscht oder engem Gebiet maachen, ass schon e Gebiet fir sech a gläichzäiteg och e kuerzt Glawensbekenntnis. D’Kräizzeechen ass d’Bekenntnis un den dräifaltege Gott: de Papp, de Jong an den Hellege Geescht. All Kéiers wa mir d’Kräizzeeche maachen, bekenne mir eis zur göttlecher Dräifaltegkeet. Mir erënneren eis drun, dass dee Gott, un dee mir gleewen, e Gott vun der Bezéiung ass, e Gott vun enger lieweger Bezéiung tëscht him an eis Mënschen.

Haut um Sonndeg no Päischten, feiert d’Kierch (zanter dem 14. Joerhonnert) d’Fest vun der Dräifaltegkeet. Mir Chrëschte gleewen un ee Gott, deen an dräi verschiddene Persounen, Papp, Jong an Hellege Geescht existéiert. Am Laf vun der Kierchegeschicht ass scho vill iwwer dëse Glawenssaz reflektéiert, diskutéiert an och gestridde ginn a bis haut bleift d’Definitioun vun der Dräifaltegkeet e komplizéierte Gedanken.

Schon am 4. Joerhonnert huet e groussen Theolog, de Gregor von Nazianz, probéiert senge Matmënschen um Beispill vum Waasser de Gedanken vun der Trinitéit méi verständlech ze maachen. Et ass dëst de Verglach mat enger Quell, déi sech no an no zu enger Baach an dann zu engem grousse Floss entwéckelt. Obwuel mir Mënschen mengen, dass mir tëschent der Quell, der Baach an dem Floss ënnerscheede missten, sinn d’Iwwergäng dach fléissend an och d’Waasser bleift datselwecht.

En anert Beispill ass, dass all Mënsch vu sengen Elteren, vu sengem Liewenspartner a vu senge Kanner an dräi ganz spezifesche Rollen erlieft gëtt: als Jong oder Duechter, als Mann oder Fra, als Papp oder Mamm. An trotzdem ass a bleift dëse Mënsch een an deeselwechten.
Ech si mir scho bewosst, dass esou Vergläicher dat grousst Geheimnis vun der Trinitéit net entzaubere kënnen. Loin de là, awer dës Beispiller erënneren eis drun, dass dee Gott, un dee mir Chrëschte gleewen, keen absolut Wiesen ass, wat irgendwou, irgendwéi onendlech wäit ewech a friem ass. Neen, dee Gott un dee mir gleewen, ass e Gott vun der Bezéiung, e Gott vu Léift, e Gott vu Kommunikatioun, een Du, dee mech invitéiert eng lieweg Bezéiung zu him opzebauen an ze ënnerhalen.

Source: Luxemburger Wort

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu