lb | fr | pt | en |
7. Ouschtersonndeg A
Joh 17,1b-11a
1 De Jesus huet an den Himmel opgekuckt a sot: "Papp, d’Stonn ass do. Verherrlech däi Jong, fir datt de Jong dech verherrlecht.
2 Well du hues him jo Muecht ginn iwwer all déi, déi aus Fleesch sinn, fir datt hien hinnen alles gëtt, wat s du him ginn hues: éiwegt Liewen.
3 Dat hei awer ass d’éiwegt Liewen: datt si dech, deen eenzegen, dee wierklech Gott ass, kennen, an deejéinegen, deen s du geschéckt hues – Jesus Christus.
4 Ech hunn dech op dëser Äerd verherrlecht, andeems ech dat Wierk op en Enn bruecht hunn, dat s du mir ze maache ginn has.
5 Verherrlech du mech elo bei dir, Papp, mat där Herrlechkeet, déi ech bei dir hat, nach éier d’Welt bestan huet!
6 Ech hunn deene Mënschen, déi s du mir aus der Welt ginn hues, däin Numm bekannt gemaach. Dir hunn si gehéiert, a mir hues du si ginn, an si hunn sech un däi Wuert gehal.
7 Elo hunn si erkannt, datt alles, wat s du mir ginn hues, vun dir kënnt.
8 Déi Wierder, déi s du mir ginn hues, hunn ech hinne ginn. Si hunn se ugeholl, an si hu wierklech erkannt, datt ech vun dir komm sinn, an si hu gegleeft, datt s du mech geschéckt hues.
9 Ech froe fir si. Ech froen net fir d’Welt, ma fir déi, déi s du mir ginn hues, well si gehéieren dir,
10 an alles, wat mäint ass, ass och däint, a wat däint ass, ass och mäint. Ech sinn an hinne verherrlecht.
11a Ech sinn net méi an der Welt, si awer sinn an der Welt, an ech komme bei dech."