lb | fr | pt | en |
D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf den 8. August vun Habscht iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 8. August um 9 Auer aus der Kierch vun Habscht iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile vu Sëll huet ënnert der Direktioun vum André Wio gesongen a gouf op der Uergel begleet vum Raoul Schmit. D’Mass gouf als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorale Sainte Cécile vu Sëll
Gegrënnt ginn ass d’ « Chorale Sainte Cécile vu Sëll » em 1860 als kierchlechen Männerchouer; 1996 ass dunn decidéiert gi fir aus dem Männerchouer en gemëschten Chouer ze maachen. Am Joer 2009 hunn mer eisen 150ten Anniversaire gefeiert.
Haut sinn mer zesummen mat eisem Dirigent, dem André Wio, zu 12 Memberen (7 Dammen an 5 Hären). Aktiv si mir weider als Kierchechouer. Fir Leit, déi interesséiert sinn: eis Prouwen sinn all Mëttwochs vun 8 Auer owes un an der Kierch ; jiddereen ass häerzlech wëllkomm fir bei eis matzemaachen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Suite Gothique | L. Boëllmann, op. 25 |
---|---|---|
Agangslidd | Lobe den Herrn meine Seele | LD 70 |
Kyrie | Jésus, berger | LD 132 |
Gloria | Ich lobe meinen Gott | LD 594 |
Alleluia | Alléluia | LD 204 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowebereedung | Chercher avec toi | LD 523 |
Sanctus | Hosanna, hosanna | LD 355 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | LD 356 |
Kommioun | Voici le pain | LD 299 |
Schlusslidd | Aus dem Lande deiner Väter | LD 610 |
Sortie | Sortie en fa majeur | F. Barré |
Et séngt d’Chorale Sainte Cécile vu Sëll
Direktioun: André Wio
Uergel: Raoul Schmit